Roger Maul
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Roger Maul, gebuer de 16. September 1907 zu Diddeleng, a gestuerwen den 22. Oktober 1987 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist.
Seng Studien huet hien am Kolléisch gemaach an duerno zu Frankfurt am Main, Bonn, Toulouse a Paräis, Droit studéiert.
De 7. Juni 1940 gouf hien zu Bartreng mat der Thérèse Koch bestuet.
Seng juristesch Carrière [änneren]
- 15. Mee 1937 Friddensriichter am Kanton Gréiwemaacher
- 27. Mee 1946 Substitut vum Procureur d'Etat zu Lëtzebuerg
- 15. Dezember 1947 Riichter um Bezierksgeriicht vu Lëtzebuerg
- 23. Februar 1954 Conseiller vum Ieweschte Geriichtshaff
- 11. September 1954 Member vun der Commission d'Etudes législatives
- 1. Mäerz 1955 Member vum Staatsrot[1]
- 1. Oktober 1978 bis 16. September 1979 President vun där Institutioun.[2]
Hie war och eng Zäit laang President vun der Chambre des comptes.