Roger Muller

Vu Wikipedia
Roger Muller
Gebuer 1937
Gestuerwen 2. November 2016
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Auteur


De Roger Muller, gebuer 1937 a gestuerwen den 2. November 2016[1], war e lëtzebuergeschen Enseignant an Auteur.

Hien huet eng Rëtsch Aarbechten iwwer d'lëtzebuergesch Literatur aus dem 19. Joerhonnert verëffentlecht.

Vun 1996 bis 2008 war hie fräie wëssenschaftleche Mataarbechter am Centre national de littérature zu Miersch.

Hie war Coediteur vum Luxemburger Autorenlexikon (2007).

Studium an Enseignement[änneren | Quelltext änneren]

De Roger Muller huet seng Karriär am Enseignement als Schoulmeeschter ugefaangen; hien huet zu Ouljen an zu Lenningen Schoul gehalen. No engem zousätzleche Studium an den Erzéiungswëssenschaften an an der Germanistik zu Lëtzebuerg, Metz an Tréier, gouf de Roger Muller Professer am Collège d'enseignement moyen (haut Lycée Michel-Lucius) an am Centre de langues an der Stad Lëtzebuerg.

Publicatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Goetzinger, G. & G. Mannes, 2017. Roger Muller (1937-2016). Seine Liebe gehörte der Luxemburger Literatur. Die Warte 2017-10-05, S. 4-5.
  • Roth, L., 2016. Äddi, léif Komeroden, Kollegen a Frënn! Luxemburger Wort 2016-11-11, S. 55 (betrëfft: André Schmit, Roger Muller, Jos Scheer).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort 2016-11-05, S. 69 (Avis mortuaires).