Roger Norrington

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Sir Roger Norrington (Roger Arthur Carver Norrington) ass en engleschen Dirigent. Hien ass de 16. Mäerz 1934 zu Oxford an England gebuer.

Hien huet vu Kand u Gesank a Gei geléiert. Spéider huet hien zu Cambridge englesch Literatur studéiert. Coursen fir Orchesterdirektioun huet hie beim Sir Adrian Boult kritt.

Am Joer 1962 huet hien de Schütz Choir an duerno 1978 den Orchester London Classical Players gegrënnt.

De Roger Norrington dirigéiert regelméisseg Orchesteren ewéi: d'Gewandhausorchester Leipzig, d'Berliner Philharmoniker, den Orchestre de la Suisse Romande. Hien ass och an Operenhaiser ewéi an der Scala di Milano, am Teatro La Fenice zu Venedeg oder am Royal Opera House Covent Garden zu London als Dirigent ze gesinn.

Vu 1997 un ass de Roger Norrington Chefdirigent vum Orchester Camerata Salzburg a vun 1998 un ass en och Chefdirigent vum Radio-Sinfonieorchester Stuttgart.

Fir seng Beaarbechtung an Aspillung vun de Beethoven-Sinfonien mam Radio-Sinfonieorchester Stuttgart ass e mam Cannes Classical Award 2004 a mam Record Geijutsu Award 2004 ausgezeechent ginn.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen