Roger Pierre
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Roger Pierre, gebuer den 30. August1923 zu Paräis a gestuerwen den 23. Januar 2010, war e franséischen Theater- a Filmschauspiller.
De Roger Pierre huet an den 1940er Joere seng Theatercarrière ugefaangen a war bis an d'1990er Joeren an de grousse paräisser Theateren aktiv. 1952 huet hien eng éischte Kéier an engem Film, dem Belle mentalité, matgerspillt. Hien huet dacks a Comédië matgespillt, mä hat och eescht Rollen, wéi z. B. a Mon oncle d'Amérique vum Regisseur Alain Resnais. Op der Televisioun hat hien an den 1970er Joere Succès an de Serië Les maudits rois fanéants a Les z'heureux rois z'Henri. Seng lescht wichteg Roll hat en an L'ami de Maigret (2003) mam Bruno Crémer.