Roger Thull

Vu Wikipedia
Roger Thull
Gebuer 22. Mee 1939
Keel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler
Gréisst 175 Zentimeter
Gewiicht 70 kg
Roger Thull

De Roger "Rosch" Thull, gebuer den 22. Mee 1939 zu Téiteng, ass e lëtzebuergesche Vëlossportler.[1]

Hien ass am Minett opgewuess ënner deene Verhältnesser déi, deemools nom Zweete Weltkrich, zu Lëtzebuerg d'Reegel waren. Säin éischte Coursevëlo war dann och "nëmmen" eng Occasioun.

Seng éischt Pai huet hien op der Arbed verdéngt. No senger Profiscarrière gouf hie Sportlehrer an ass dat bis zu senger Pensioun am Joer 1999 bliwwen.

Hie war Zaldot bei der Arméi an der Garde Grand-Ducale an hat deemools keng Zäit fir ze trainéiere well e keng Fräistellung krut, duerch Ursaache wéi d'Garde beim Palais, zu Walfer oder a Manöweren zu Bitche oder zu Sissonne a Frankräich.

De Rosch ass den 11. Juni 1966 wärend dem Tour de Luxembourg mat dem Lottche bestuet ginn. Si wunnen haut zu Biergem.

No senger aktiver Zäit trainéiert hie bis haut jonk Cyclisten.

Seng Trainerstatioune sinn:

  • 1965 – 1969 L.C. TETANGE
  • 1969 – 1971 Pignon BONNEVOIE
  • 1971 – 1984 V.S. ESCH
  • 1985 – 1991 A.C.T. KOPSTAL
  • 1991 – 1994 U.C.A.S.E. ECHTERNACH
  • 1994 – 1996 Entraîneur national F.S.C.L.
  • 1996 – 2005 L.P.S. 07 SCHIFFLANGE
  • 2005 – 2008 Entraîneur national cadre Juniors F.S.C.L.
Roger Thull, Charly Gaul, Marcel Ernzer

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Bemierkung: d'Kategorien Andeelunge ware fréier Cadet - Debutant - Amateur - Independant - Profi - Veteran

1955 (Debutant)[änneren | Quelltext änneren]

  • 7. bei den nationale Meeschterschaften zu Dummeldeng

1956 (Debutant)[änneren | Quelltext änneren]

1957 (Junior)[änneren | Quelltext änneren]

  • Champion bei de Junioren zu Dikkrech

1958[änneren | Quelltext änneren]

Bis den 22. Mee nach Junior, awer nëmmen zweemol um Depart wéinst dem Militärdéngscht. Duerno (Amateur). Militärdéngscht an der Garde. Agezu ginn an d'Kasär zu Senneng wou och d'Grondausbildung gemaach gouf. Duerno op Walfer verluecht gi bis 1959. Déngscht beim Palais Grand-Ducal zu Lëtzebuerg plus 6 Wochen an de Manöveren zu Bitche respektiv zu Sissone. Entlooss ginn den 2. Februar 1959 zu Walfer.

1959 (Amateur)[änneren | Quelltext änneren]

  • 80. an der Friedensfahrt BERLIN-PRAG-WARSCHAU
  • 30. an der Österreich-Rundfahrt
  • 4. bei den nationale Meeschterschaften zu Miersch
  • 15. bei der Stroosseweltmeeschterschaft zu Zandvoort (189,2 km)

1960 (Amateur)[änneren | Quelltext änneren]

  • an dëser Saison gewënnt hien 8 Courssen
  • Champion bei den Amateuren
  • 28. bei der Stroosseweltmeeschterschaft um Sachsenring (174,6 km)
  • 41. bei den Olympesche Spiller zu Roum op der Stroossecourse (175,380 km)

1960[änneren | Quelltext änneren]

No der Olympiade (Profi bei Kas-Royal Asport)

1961 (Gazzola)[änneren | Quelltext änneren]

well déi Zäit och nach fir déi kleng Länner eng "double appartenance" méiglech war ass de Rosch och nach fir déi franséisch Grupp FRIMATIC gefuer.

  • 15 Tour des Monts Auvergnes
  • 29. am Tour de Romandie
  • 20. Etapp am Giro no Kontrollschluss ukomm (2-mol Platt a Boyaux selwer gewiesselt a bei der drëtter Crevaisoun gewaart bis en Auto vun Campagnolo en neit hënnescht Rad gewiesselt huet. Gewonnen huet dës Etapp déi iwwer de Stelvio op Bormio gefouert huet de Charly Gaul
  • 15. am Tour de l'Aquitaine
  • Tour de Luxembourg
    • 8. an der 2. Etapp vu Beetebuerg op Beetebuerg (164 km)
  • Tour de France (eliminéiert an der 12. Etapp)
  • 5. Championnat de Luxembourg

1962 (Profi bei Gazzola)[änneren | Quelltext änneren]

23. bei Milano - Torino

1963 (Profi bei Ruberg)[änneren | Quelltext änneren]

1964 (Profi bei Flandria - Roméo)[änneren | Quelltext änneren]

1965 (Profi bei Lamot - Libertas)[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Roger Thull op der Websäit sports-reference.com