Rohan (Middle-earth)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rohan)
De Wope vu Rohan

Rohan ass e fiktiivt Kinnekräich vun de Mënschen dat an der fiktiver Welt vu Middle-earth an de Romaner vum J. R. R. Tolkien läit. Seng Awunner, d'Rohirrim, si Mënschen, déi als exzellent Reider bekannt sinn.

D'Räich Rohan ass en Alliéierte vu Gondor, dat op senger Südgrenz läit.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Stied a Festungen[änneren | Quelltext änneren]

Edoras[änneren | Quelltext änneren]

Edoras ass d'Haaptstad vu Rohan. Dem Kinnek säi Palais, d'Gëllen Hal genannt, läit do, genee wéi och d'Griewer vun den ale Kinneken.

Helm's Deep[änneren | Quelltext änneren]

Helm's Deep ass eng Festung, genannt nom Kinnek Helm, déi vun de Rohirrim an Zäite vu Krich als Refuge déngt.

Dunharrow[änneren | Quelltext änneren]

Dunharrow ass eng Sammelplaz fir d'Arméi vun de Rohirrim, déi sech do treffen ier s'an de Krich zéien. Et läit no bei der Grenz mat Gondor.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Drëtt Zäitalter[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vu Rohan fänkt an der Mëtt vum Drëtten Zäitalter un. Wou Gondor am Krich war géint Feinden aus dem Osten hunn d'Reider aus Rhovanion, enger Géigend am Norde vu Middle-Earth, op der Säit vu Gondor gekämpft an e wichtege Bäitrag geleescht. Fir si ze belounen an sech op hirer Nordgrenz ze schützen huet den Steward vu Gondor hinnen d'Land Calenhardon geschenkt, wat si als Kinnekräich Rohan geholl an opgebaut hunn. Rohan huet ëmmer eng enk Bezéiung mat Gondor gefleegt, an déi zwéi Länner sinn dacks zesummen an de Krich gezunn.

Evenementer um Schluss vum Drëtten Zäitalter[änneren | Quelltext änneren]

An de Bicher The Two Towers an The Return of the King spillt Rohan eng wichteg Roll. D'Land gëtt vum Saruman, dem Wäissen Zauberer deen am Tuerm vun Isengart lieft an deen sech op dem Sauron seng Säit gestallt huet, bedreet. Hien huet de Kinnek Theoden vu Rohan verhext a plangt dat ganzt Land z'erueweren. Zum Gléck sinn den Aragorn, de Legolas, de Gimli an de Gandalf an der Géigend, a kënnen dem geschwächte Kinnekräich hëllefen. Et kënnt zu enger grousser Schluecht zu Helm's Deep, déi duerch den heroeschen Asaz vum Eomer (dem Theoden säin Neveu) a vum Gandalf gewonne gëtt.

Rohan bedeelegt sech herno och un de Krich géint Mordor, an den Theoden stierft an der Schluecht vun de Pelennorfelder

Sprooch a Kultur[änneren | Quelltext änneren]

A Rohan sinn d'Päerd sou wichteg datt si als Membere vun der Famill gëllen. Hire Feinden déi hinnen d'Päerd klauen erweisen d'Rohirrim keen Erbaarmen.

Bedeitung am J. R. R. Tolkien sengem Wierk[änneren | Quelltext änneren]

D'Kinnekräich Rohan an d'Rohirrim spillen am Tolkien sengem Wierk eng wichteg Roll. Den Tolkien wollt un hirem Beispill weise wat hätt kënne geschéien, wann d'Englänner sech méi mat Päerd auskannt hätten zur Zäit vum William the Conqueror senger Eruewerung. Den Tolkien huet säi Liewe laang de franséischen Afloss op déi englesch Sprooch, deen zu där Zäit ufänkt, regrettéiert.