Rol Gelhausen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Roland "Rol" Gelhausen, gebuer den 21. November 1959 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Auteur fir Cabaretsprogrammer. Als Beruff huet en Electromecanicien geléiert.

Säin éischten Optrëtt hat hien 1975 beim Duerftheater Kanech. 1980 Grënner vum Kanecher Kabaret.

Zanter 1984 ass en Auteur an Acteur bei de Cabaretsensemblen JB mat Äis an MM1.

Hien ass och Auteur fir aner Ensemblen, wéi d'Lëtzebuerger Revue, de Kabarä Feierstëppler an d'Makadammen.

Niewebäi huet hien Optrëtter bei Theater-, Héierspill- a Fernsehproduktiounen.

Nom Programm Neuros 2000 vu JB mat Äis huet hien de Cabaretsensembel Cabarenert gegrënnt. Programmer: Onkraut vergeet net - Endstatioun Geenzuucht - Fixfeier - Maach d'Kräiz ... an alles bleift besser - Schwamm driwwer an Alles am A... matgeschriwwen a matgespillt.

Wierker [änneren]

  • Roland Gelhausen: Marieland ouni Filter, Holzem, 2005, 287 S.
  • Roland Gelhausen: Mir kommen an Däiwelskichen, 2012, 256 S.

Fir ze liesen [änneren]

Um Spaweck [änneren]