Roland Junck

Vu Wikipedia
Roland Junck
Gebuer 10. November 1955
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur, Direkter

De Roland Junck, gebuer den 10. November 1955 zu Esch-Uelzecht[1], ass e lëtzebuergeschen Ingenieur am Maschinnebau, Manager a Fotograf.

De Roland Junck huet zu Zürich op der ETH studéiert an op der Sacred Heart University Luxembourg en MBA gemaach.

1980 huet hie bei der Arbed Diddeleng als Ingenieur am Walzwierk ugefaange mat schaffen, an ass 1985 op d'Arbed Schëffleng gewiesselt. 1993 gouf en General Manager, an 1996 Generaldirekter vun der TrefilArbed zu Biissen. 1998 ass e bei d'Aceralia gewiesselt, där hire Senior Vice President e gouf. Zanter 1999 war e Member vun der Generaldirektioun vun der Arbed. Wéi d'Arbed, d'Aceralia an d'Usinor 2002 zu der Arcelor fusionéiert hunn, gouf de Roland Junck Senior Executive Vice President, zoustänneg fir Laangstol-Produkter. Vu Januar bis August 2006 war e responsabel fir Laangstol an Europa a Südamerika a fir d'Koordinatioun vun den Aktivitéiten a China.

Fir eng kuerz Zäit, vun August bis November 2006, war hie President vun der Generaldirektioun (CEO) vun Arcelor Mittal.

Vu Februar 2009 bis November 2014 war hien Administrateur délégué bei Nyrstar[2],[3], gläichzäiteg och Direkter bei Agfa-Gevaert[4] a gouf 2016 CEO vu British Steel[5].

De Roland Junck ass bestuet, huet zwee Meedercher a wunnt zu Zürich. Hien intresséiert sech fir Päerd a Kutschen an ass Amateur vu Classic cars.

Et ass ee begeeschterte Fotograf. Am Joer 2002 hat en e Vernissage an der Galerie vum Schlasspark zu Esch mat Fotoen aus dem Stolberäich. Seng Ausstellung ass ënner dem Motto Die Ästhetik des Stahls gelaf. An de Joren duerno koum et zu Ausstellungen ë. a. zu Madrid, Oviedo, Belo Horizonte, Dillingen, Berlin a Bréissel.

An deene leschte Jore beschäftegt hie sech virun allem mam Afloss vun de moderne Kommunikatiounstechnologien op d'Fotografie, mä och op eis Perceptioun am Allgemengen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Management: Ces Luxembourgeois qui brillent à l'international op wort.lu de 7. September 2017, gekuckt den 1. Januar 2020
  2. Biographie vum Roland Junck op bloomberg.com
  3. Annonce vum Depart vum Roland Junck als CEO vun Nyrstar op nyrtstar.com
  4. INVITATION TO THE ANNUAL GENERAL MEETING
  5. Luxembourger Roland Junck becomes head of British Steel op luxtimes.lu den 21. Juli 2016, gekuckt den 1. Januar 2020