Roland Meyer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Rol Meyer

De Roland (Rol) Meyer, gebuer den 9. Februar 1963 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Auteur, Museker, Schauspiller a Regisseur.

Hie schreift Bicher, Héierspiller, Zeitungsartikelen, Theater- a Kabaretstexter fir Kanner an Erwuessener.

Hien huet d'Theaterschoul vum Educatiounsministär gegrënnt a leet d'Kannertheater- an Zirkusequipe "Den Holzwuerm".

Donieft ass hien och aktiv als Museker bei der Bluesband The Winklepickers, als Kabarettist beim Kabaret Sténkdéier a bei der Lëtzebuerger Revue) an als Regisseur bei Kabarets- an Theaterproduktiounen.

De Roland Meyer ass bestuet a Papp vun zwéi Jongen.

Inhaltsverzeechnes

Wierker[änneren]

De Roland Meyer schreift nieft Texter fir de Kabaret Sténkdéier virun Allem Jugendbicher a lëtzebuerger an däitscher Sprooch. En Deel vu senge Wierker nennt e "Kannertheater-Romaner", well en Theaterstécker, dramatesch Zeenen a Lidder a seng Prosatexter abënnt. Dëst ass de Fall bei senger Romantrilogie Eng Foto vum (Klëppel)Krich, Dem Kinnek säi Gaart an Iwwer der Leeder. 2011 ass säin éischt Buch fir Erwuessener erauskomm: "Muedebëtzeg", dat 2012 mam Lëtzebuerger Buchpräis fir Literatur ausgezeechend gouf.

Am Kader vu pedagogesche Projete kooperéiert de Rol Meyer réigelméisseg mat anere Kënschtler wéi z. B. dem David Nash, Alan Johnston, Lex Gillen...

Publikatiounen[änneren]

Bicher fir Kanner[änneren]

  • Eng Foto vum (Klëppel)Krich. Kannertheater-Roman. Esch-Sauer 2000, 2. Oplo 2001, 3. Oplo 2008. Op der Lay.
  • Dem Kinnek säi Gaart. Kannertheater-Roman. Esch-Sauer 2002, 2. Oplo 2003. Op der Lay.
  • Iwwer der Leeder. Kannertheater-Roman. Esch-Sauer 2003, 2. Oplo 2006. Op der Lay.
  • Spring auf! Roman für Kinder. Luxemburg 2004. Editions St. Paul.
  • Den décken dommen Dudu. E Kannerbuch fir erwuesse Leit. Esch-Sauer 2004, 2. Oplo 2008. Op der Lay.
  • Mission geheimer Stollen. Roman für Kinder. Esch-Sauer 2006. Op der Lay.
  • Mango Panda. Roman fir Kanner. Esch-Sauer 2007. Op der Lay.
  • Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen! Roman fir Kanner. Illustréiert vum Mariepol Goetzinger. 143 S. Esch-Sauer 2009. Op der Lay, 2. Oplo 2011. Op der Lay

Bicher fir Erwuessener[änneren]

  • Muedebëtzeg. Roman. Esch-Sauer 2011. 2. Oplo 2012 Op der Lay.

Kabaret[änneren]

  • Modern Welt. Aus de Programme vum "Kabaret Sténkdéier" vun 1988 bis 2000. Miersch 2001.
  • Gutt ze wëssen. Aus de Programme vum "Kabaret Sténkdéier" vun 2001 bis 2005. Miersch 2006.
  • Méi ass et net. Aus de Programme vum "Kabaret Sténkdéier" vun 2006 bis 2010. Miersch 2011.

Héierspill-CDen[änneren]

  • De Poufank vun der Kéiermillen. Höerspill-CD. Lëtzebuerg 1999. Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga.
  • Lauschter! Höerspill-CD. Housen 2003. Naturpark Our.

Musek-CDen[änneren]

  • Fusion – The Musical. CD. Luxembourg 2007. UGDA.
  • The Winklepickers – Twelve R&B knock-outs. CD. Luxembourg 2008
  • The Winklepickers – Haddocks and French Kisses. CD. Luxembourg 2012

Literatur[änneren]

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]