Roland Moreno
De Roland Moreno, gebuer den 11. Juni 1945 zu Kairo a gestuerwen den 29. Abrëll 2012, war e franséischen Erfinder. Hie gëllt als den Erfinder vun der Chipkaart.[1]
An den 1970er Joren huet de Roland Moreno e System patentéiere gelooss, wou op engem klengen, portabelen Objet e Mikrochip implantéiert ass, mat Hëllef wouvunner ee bezuelen oder sech identifizéiere kéinnt.
Seng Erfindung huet zu der Chipkaart goefouert, déi zu villfältegem Asaz ka kommen, wéi z. B. als Bank- oder Kreditkaart, Telefonskaart, Sozialversécherungs- oder Identitéitskaart, SIM-Kaart, Führerschäin, asw.
De Moreno huet och a Filmer matgespillt, an un aneren technologeschen Erfindunge gezwafft, wéi z. B. enger Software, déi Musek automatesch mat Gedichter kombinéiere sollt.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Roland Moreno – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ (en) ComputerWorld Honors: The 1997 Monticello Memoirs Fellows konsultéiert den 3. August 2011.