Rollespill (Spill)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Mënsche spillen Dungeons and Dragons

An engem Rollespill iwwerhuelen d'Spiller d'Roll vu fiktive Charakteren, déi an enger meeschtens fiktiver Welt an Ëmgéigend agéieren.

Hëllefsmëttel fir d'Rollespiller sinn dobäi hir eege Fantasie souwéi e Reegelwierk, dat d'Konditiounen definéiert. Bei spontane Rollespiller, wéi bei Raiber a Gendaarm-Kannerspiller sinn dës Reegele meeschtens implizéiert, zum Beispill duerch "Ofschloe vum Géigner", wou et se awer bei reglementéierte Rollespiller a Form vun engem Handbuch oder änlechem ginn.

Am grousse Ganze loosse sech d'Rollespillaarte an zwou Kategorien ënnerdeelen: Rollespiller mat klore Reegelen a spontan Rollespiller. Et existéieren ausserdeem eng ganz Rëtsch vun ënnerschiddleche Spillgenren:

Rollespiller mat klore Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

Bei reglementéierte Rollespiller ënnerscheet een nees tëscht verschiddene Varianten: LARP-Rollespill, Chat-Rollespill, E-Mail- & Forumrollespill, Pen & Paper-Rollespill...

LARP-Rollespill[änneren | Quelltext änneren]

LARP steet fir Live Action Role Playing oder och Large Area Role Playing. Live-Rollespiller ass u sech eng Aart Improvisatiounstheater. D'Spiller treffe sech zu engem festgelueten Zäitpunkt, meeschten hirer Charakterfigur entspriechend verkleet. Gespillt gëtt entweeder an der fräier Natur oder an enger Ëmgéigend, déi aus Kulisse besteet (Buergen, Raumschëffbrécken etc.). Et gëtt seelen no engem Dréibuch gespillt, a wann, dann ass just eng bestëmmt Richtung virginn, an déi sech dat ganzt Spill entwéckele soll. Sou entstinn ëmmer nei Zenarien, déi een net virausgesi kann.

LARP-Rollespiller gi meeschtens a gréissere Gruppen oder Veräiner ausgedroen. Et gëtt effektiv souguer Waffe wéi Schwäerter an Axten aus Latex, mat deenen ee Kampfzeenen nostelle kann, ouni datt d'Spiller sech blesséieren.

Computerrollespill[änneren | Quelltext änneren]

Do ënnerscheet een tëscht Chatrollespill, Forumrollespill an Emailrollespill.

Pen & Paper[änneren | Quelltext änneren]

An dësem Beräich gëtt et etabléiert Rollespiller wei z. B. Dungeons and Dragons, Das Schwarze Auge, Vampire The Masquerade (neierdéngs Vampire The Requiem), Warhammer Fantasy Roleplay, Legends of the five rings.

Cross-Over-Rollespill[änneren | Quelltext änneren]

Klischeeën[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Role playing games – Biller, Videoen oder Audiodateien