Romain Bausch

Vu Wikipedia
Romain Bausch
Gebuer 3. Juli 1953
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist

De Romain Bausch, gebuer den 3. Juli 1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist a Manager, dee vum Mee 1995 bis Abrëll 2014 President a Generaldirekter vun der SES war.

De Romain Bausch huet zu Nanzeg Ekonomie studéiert an huet duerno am Finanzministère geschafft, wou hien Administrateur général war. Wärend senger Zäit beim Staat war hie President vun der SNCI, vum Conseil économique et social, Regierungskommissär bei der BIL a bei der CLT. Vun 1991 u war hie Member am Conseil d'administration vun der SES.

1995 ass hie vum ëffentlechen an de private Secteur, bei d'SES, gewiesselt a war bis zu senger Pensioun am Joer 2014 President vum Verwaltungsrot vun där Gesellschaft.

Hien ass oder war Verwaltungsrotsmember vun Aperam (2016 – 2022), BIP Investment Partners (2015 – 2018), Compagnie Financière La Luxembourgeoise (2017 – 2023) a Raiffeisen (zanter 2021).

Am November 2014 gouf hien zum President vum staatleche Gremium Conseil national des finances publiques CNFP ernannt; säi Mandat gouf Enn 2022 nach eng Kéier fir 4 Joer (2023 – 2026) erneiert.[1][2]

Hien ass Vizepresident vum Luxembourg Future Fund[3].

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2014)[4]
  • Sir Arthur Clarke Lifetime Achievement Award (2023), Auszeechnung fir d'Féierungsstäerkt an d'Engagement bei der weltwäiter Verbreedung vun de Virdeeler vun der Satellittekommunikatioun[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thomas Klein, „Manche beschrieben die Profitabilität als fast schon unanständig“, Luxemburger Wort, 08.11.2023, S. 46-47

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Neuer Job für Romain Bausch wort.lu 17. November 2014
  2. (fr)Conseil national des finances publiques - Nominations. legilux.public.lu (14.12.2022). Gekuckt de(n) 08.11.2023.
  3. (fr)08.11.2023, Entrée en action du Luxembourg Future Fund pour le soutien des PMEs. snci.lu Archivéiert op 2023-06-28.
  4. Nationalfeiertag: Zivilakt im Großen Theater Ehrung für verdiente Mitbürger op wort.lu
  5. (en)Upcoming Awards Event. The Arthur C Clarke Foundation. Gekuckt de(n) 2023-11-08.