Romain Goerend

Vu Wikipedia
Romain Goerend
Gebuer 25. Mee 1951
Helsem
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist


De Romain Goerend gebuer de 25. Mee 1951 zu Helsem, ass e lëtzebuergesche Journalist[1], Regisseur a Schauspiller.

Vun 1980 bis 1983 war hie Redakter am Lëtzebuerger Journal a vun 1984 bis 1996 Journalist bei RTL, d'éischt bei Radio Lëtzebuerg a vun 1992 un an der Ekipp vum Hei Elei, dee vun deem Joer un all Dag op Antenn gaangen ass. 1997 huet de Romain Goerend RTL verlooss, well en net mat der neier Ausriichtung vum Programm vun der Lëtzebuerger Televisioun averstane war.

Bis Enn 2011 hunn de Romain Goerend an de Realisateur Menn Bodson en ettlech Dokumentarfilmer fir verschidden Institutiounen aus dem Land produzéiert, dat am Kader vun enger Videoproduktiounsunitéit déi ënner der Autoritéit vum Kulturministère a vum Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster funktionéiert huet.

Vun 2003 bis 2018 huet de Romain Goerend als fräie Mataarbechter um radio 100,7 an der Rubrik "Fräie Mikro" publizéiert.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Romain Goerend op der Websäit vum Conseil de presse
  2. 22.06.2012 - 24 Journalisten in nationalen Verdienstorden ausgezeichnet um Internetsite vum Conseil de Presse