Romanesch Sproochen

Vu Wikipedia
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'romanesch Sprooche sinn eng Branche vun der indoeuropäescher Sproochefamill. Si bestinn aus nobäi 40 Sprooche mat ongeféier 900 Millioune Mammesproochler.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Lieweg romanesch Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

  • Spuenesch (Español / Castellano, ronn 470 Millioune Mammesproochler an de spueneschsproochege Länner)
  • Portugisesch (Português, ronn 215 Millioune Mammesproochler an de portugiseschsproochege Länner)
  • Franséisch (Français, ronn 150 Millioune Mammesproochler an de franséischsproochege Länner)
  • Italieenesch (Italiano, 64–85 Millioune Mammesproochler an den italieeneschsproochege Länner, a Kroatien, a Slowenien an a Südamerika)
  • Rumänesch (Română, 24–26 Millioune Mammesproochler a Rumänien, Moldawien an an der Ukrain)
  • Neapolitanesch (Napulitano, ronn 5,7 Millioune Mammesproochler an Italien)
  • Sizilianesch (Sicilianu, ronn 4,7 Milliounen an Italien)
  • Katalounesch (Català, ronn 4,1 Milliounen a Spuenien, Andorra an a Frankräich)
  • Veneetesch (Vèneto, ronn 3,9 Milliounen an Italien, Slowenien an a Kroatien)
  • Lombardesch (Lumbaart, ronn 3,6 Milliounen an Italien an an der Schwäiz)
  • Emilianesch-Romagnolesch (Emiliàn e rumagnòl, en Dialektkontinuum mat ronn 3 Millioune Mammesproochler an Italien an zu San Marino)
  • Piemonteesesch (Piemontèis, manner wéi 3 Milliounen an Italien)
  • Galicesch (Galego, ronn 2,4 Milliounen a Spuenien)
  • Extremaduresch (Estremeñu, ronn 1,1 Milliounen a Spuenien)
  • Sardesch (Sardu, ronn 1 Millioun Mammesproochler an Italien)
  • Picardesch (Picard, manner wéi 700.000 Mammesproochler a Frankräich an an der Belsch)
  • Wallounesch (Walon, manner wéi 600.000 Mammesproochler an der Belsch an a Frankräich)
  • Okzitanesch (Occitan, manner wéi 580.000 Mammesproochler a Frankräich, Spuenien, Italien an zu Monaco)
  • Liguresch (Ligure, ronn 500.000 Mammesproochler an Italien, zu Monaco an a Frankräich)
  • Furlanesch (Furlan, ronn 420.000 Mammesproochler an Italien)
  • Aromunesch (Armãneashti, ronn 250.000 Mammesproochler op der Balkanhallefinsel)
  • Korsesch (Corsu, ronn 200.000 Mammesproochler a Frankräich an an Italien)
  • Arpitanesch (Arpetan, ronn 140.000 Mammesproochler a Frankräich, Italien an an der Schwäiz)
  • Jiddespuenesch (Ladino / Djudeo-espanyol, ronn 122.000 an Israel, an der Tierkei, a Südeuropa an an Nord- a Südamerika)
  • Asturesch (Asturianu, ronn 110.000 Mammesproochler a Spuenien)
  • Normannesch (Nouormand, ronn 100.000 Mammesproochler a Frankräich, op Jersey an op Guernsey)
  • Sassareesesch (Sassaresu, manner wéi 100.000 Mammesproochler an Italien)
  • Rätoromanesch (Rumantsch, 36.600 Mammesproochler an der Schwäiz)
  • Ladinesch (Ladin, ronn 31.000 Mammesproochler an Italien)
  • Aragoneesesch (Aragonés, 25.500 Mammesproochler a Spuenien)
  • Mirandeesesch (Mirandés, ronn 10.000–15.000 Mammesproochler a Portugal)
  • Fala-Sprooch (Chalimegu / A fala, manner wéi 11.000 Mammesproochler a Spuenien)
  • Meglenorumänesch (Vlășéște, ronn 5.000 Mammesproochler a Griicheland an an Nordmazedonien)
  • Minderico (Piação do Ninhou, manner wéi 500 Mammesproochler a Portugal)
  • Istresch (Eîstrian, ronn 400 Mammesproochler a Kroatien)
  • Istrorumänesch (Vlåškę, ronn 300 Mammesproochler a Kroatien)
  • Jiddenitalieenesch (ג'יודו-איטאליאנו / Giudeo-italiano, 250 Mammesproochler an Italien)

... an och :