Rommel (Botanik)

Vu Wikipedia

Eng Rommel ass eng Haaptwuerzel vun enger Planz. Si ass besonnesch déck well si zur Speicherung beidréit. Rommele komme just bei zweekeimbliedrege Planze vir.

D'Rommel läit meeschtens ënnerierdesch, kann awer an eenzele Fäll och aus dem Buedem erauskommen. D'Rommele sinn meeschtens onreegelméisseg geformt. Bei enger Rommel wiisst eng Haaptwuerzel, déi sech besser entwéckelt wéi d'Niewewuerzelen. Dëse Wuerzelsystem nennt een och allorhiz.

Bei verschiddene Planze gi sougenannte Knolle gebilt, déi néideg si fir d'Nährstoffer ze späicheren (z. B. Muerten oder Zockerrommel). Aner Planzenzorte mat Rommele sinn de Rettech, d'Fudderrommel oder d'rout Rommel. Si hunn allerdéngs nach d'Hypokotyl. Dëst ass e Sprossofschnëtt deen um Opbau bedeelegt ass.

Et ënnerscheet een tëscht der Rommelplanz an der Rommelgeophyt.

Zu de Rommelen zielen: