Ronald Biggs

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Ronald Arthur Biggs, gebuer den 8. August 1929 am Londoner Stadbezierk Lambeth, war e Member vun enger britischer Raiberband, déi den 8. August 1963 bei der Bridego-Eisenbunnsbréck zu Ledburn de kinnekleche Postzuch vu Glasgow op London iwwerfall, an 2,63 Millioune Pond geklaut hat. Den Iwwerfall gouf ënner dem Numm The Great Train Robbery bekannt.

No an no waren d'Membere vun der Band vun der Police festgeholl ginn. De Biggs konnt sech 1965 aus dem Stëbs maachen, an huet a Brasilien gewunnt. Well hien do e Bouf hat, huet d'Land en net missen ausliwweren. 2001 koum hie fräiwelleg hannescht , wou hien zënter dem 7. Mee vun deem Joer am Belmarsh-Prisong seng drëssegjäreg Strof ofsëtzt.

Seng Demande fir éischter entlooss ze ginn, gouf den 1. Juli 2009 vum britesche Justizminister Jack Straw refuséiert.[1]

[änneren] Referenzen

  1. Posträuber Biggs bleibt im Knast, Blick online, vum 1. Juli 2009.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen