Roof Seat Break

Vu Wikipedia
E Roof Seat Break gebaut vum Kutschebauer Kellner et ses fils vu Paräis

E Roof Seat Break oder och Built up Break ass e Break mat enger verlängerter Këscht, deen am Zweespänner oder Véierspänner ka gefuer ginn. An der Këscht sinn Sëtzer de queesche Wee montéiert, sou dat Passagéier sech vis-à-vis sëtzen, oder mat de Récker widdereneen.

De Roof Seat Break war an den 1880er an 1890er Joren an der Moud. De bekannten New-Yorker Kutschebauer Brewster huet ëmmer den Numm Roof Seat Break, contestéiert, well d'Kutsch keen Daach hat, hien huet seng Kutschen ënner dem Numm Platform Break op de Maart bruecht.[1]

Roof Seat Break Véierspänner mat Cleveland Bay.
Am Hannergrond d'Schlass Vogelsanck


Kutschemodeller

CabrioletChar-à-BancsConcord CoachCoupé RockawayMalle-posteOmnibusPark dragRoof Seat BreakSkeleton-Tandem-CartSulkyWagonette-tonneau
Kuckt och: SchwunnenhalsgestellÀ la d'AumontFiaker

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ryder Tom. The sporting break. The Carriage Journal 1987 vol.25 N°3 Säit 26-27