Roque de los Muchachos Observatoire
D’Roque de los Muchachos Observatoire (span. Observatorio del Roque de los Muchachos, kuerz ORM) ass eng Usiedlung vun Observatoiren um Hang vum Roque de los Muchachos op der Kanarescher Insel La Palma. Zesummen mat dem Teide Observatoire op Teneriffa formt den ORM d’European Northern Observatory.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Allgemeng
D’astrophysikalesch Observatoiren haten am Joer 1985 hir offizell Ouverture. Etlech europäesch Länner sinn un der Anlag bedeelegt, déi eng vun de wichtegsten vun dëser Art weltwäit ass. Ausschlaggiewend fir d’Standplaz vum Projet waren déi klimatesch Bedéngunge op dem héichste Bierg vu La Palma: Hei sinn extrem vill wollekefräi Nuechte ze verzeechnen, zwar hänken ab 1.000 bis 2000 Meter Héicht oft Wolleken, wat awer d’Observatioune net beaflosst. D’Loft op dem Roque de los Muchachos ass besonnesch kloer.
[änneren] Geschicht
Am Joer 1979 goufen Ofkommen tëschent Santa Cruz de La Palma an de Staate Spuenien, Schweden, Dänemark a Groussbritannien ënnerzeechent, dat hinnen astrophysikalesch Fuerschunge op dem Roque de los Muchachos erlabt. Weider Länner hu sech ugeschloss, z.B.:Däitschland am Joer 1983. Feierlech ageweiht gouf déi wëssenschaftlech Institutioun de 29. Juni 1985.
De 24. Juli 2009 gouf dat mat 10,4 m Duerchmiesser – weltwäit – gréisste Spigelteleskop, Gran Telescopio Canarias (GRANTECAN) duerch de spuenesche Kinnek Juan Carlos an der Kinnigin Sophia feierlech a Betrib geholl.
[änneren] Teleskope
Déi gréissten Observatoiren sinn mat Spigelteleskope ageriicht, déi hei nom Duerchmiesser vum Haaptspigel zortéiert sinn:
- 10,4 Meter Gran Telescopio Canarias
- 4,2 Meter William Herschel Teleskop (ING)
- 3,6 Meter Telescopio Nazionale Galileo (TNG)
- 2,5 Meter Isaac Newton Teleskop (ING)
- 2,5 Meter Nordic Optical Telescope (NOT)
- 2,0 Meter Liverpool Teleskop
- 1,5 Meter Mercator Teleskop
- 1,0 Meter Jacobus Kapteyn Teleskop (ING)
Déi mat (ING) gezeechent Teleskope sinn an der „Isaac Newton Group“ zesummegefaasst
[änneren] Speziell Teleskope
- 0,45 Meter Dutch Open Telescope, fir Sonnenobservatioun
- Swedish Solar Telescope (SST), 1-m-Refraktor fir Sonnenobservatioun
- 0,18 Meter Carlsberg Meridian-Refrakter (CMT) fir Astrometrie
- 2 x 17 Meter MAGIC (Tscherenkow-Teleskope fir Gammastralung).
- 3 Meter FACT-Teleskop (fréier als "CT3" Deel vum 6 HEGRA-Teleskope), Tscherenkow-Teleskop
- en Observatoire vum SuperWASP
[änneren] Referenzen
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Roque de los Muchachos Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (es) (en) Observatorio del Roque de los Muchachos
- (en) http://www.ast.cam.ac.uk/~dwe/SRF/camc.html Carlsberg Meridian Telescope]
- (es) Isaac Newton Group of Telescopes
- (en) The MAGIC Telescope Homepage