Roquefort (Landes)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Mont-de-Marsan | ||||
| Kanton | Rocquefort | ||||
| Code Insee | 40245 | ||||
| Postcode | 40120 | ||||
| Koordinaten | 44° 02' 03" N 09° 19' 17" O |
||||
| Fläch Gemeng | 1.212 ha | ||||
| Bevëlkerung Gemeng | 1.912 (2007) | ||||
Roquefort ass eng franséisch Gemeng am Departement Landes an der Aquitaine.
Geographie [änneren]
Roquefort läit op enger Héicht vun 49 bis 95 Meter um Zesummefloss vun der Douze an dem Estampon, am Pays de Marsan deen do un den Albret an den Armagnac stéisst.
Verkéier [änneren]
D'Uertschaft ass un de Verkéier ugeschloss iwwer d'Route nationale 132 an d'Route nationale 134. Am Norde vun der Uertschaft gëtt et zënter Dezember 2010 en Uschloss un d'A65.
Fréier war d'Uertschaft un d'Eisebunnsnetz ugeschloss iwwer d'Streck Mont-de-Marsan - Marmande. An der Gare vu Roquefort gouf et och en Uschloss un d'Schmuelspurbunn Roquefort-Lencouacq déi vun 1907 bis 1934 haaptsächlech fir d'Exploitatioun vun Holz an Haarz benotzt gouf.
| Uertschaft virdrun Retjons |
Jakobswee Via Lemovicensis |
Uertschaft duerno Mont-de-Marsan |