Rosentirli

Vu Wikipedia

De Chalet Rosentirli ass e Vakanzhaus zu Fiesch am Kanton Wallis, dat dem lëtzebuergesche Roude Kräiz gehéiert.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zënter dem Enn vun den 1960er Joren huet d'Lëtzebuerger Rout Kräiz Vakanzekolonië fir Kanner am nei opgeriichte Vakanzenduerf Fiesch ugebueden. No e puer Joer gouf decidéiert, en eegent Haus ze bauen. 1976 konnt, mat hëllef vun engem Don, en 42,61 Ar groussen Terrain kaf ginn, op deem de Vakanzechalet gebaut gouf, deen 1979 opgaangen ass.

Zanter 1979 ginn do och Schoulklassen aus verschiddene Gemenge fir Kolonien am Summer an am Wanter an de Rosentirli.

D'Rout Kräiz huet hir Vakanzkolonien eréischt 1990 als gemëscht Kolonie fir Jongen a Meedercher organiséiert. Virdru waren déi fir Jongen a Meedercher getrennt.

De Chalet Rosentirli ass d'ganzt Joer op. Ufanks gouf et iwwer 12.000 Iwwernuechtungen d'Joer, an den 1990er Jore goung déi Zuel op ronn 10.000 Nuitéën zeréck, an dono huet d'Zuel séier ofgeholl.

Zanter 2014 exploitéiert a verwalt de „Sportferien Resort Fiesch“ de Rosentirli an erméiglecht et zanter 2014, datt och Sport- a Fräizäitariichtungen, wéi d'Schwämm, am Duerf kënne matbenotzt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: "Grüezi aus Fiesch - Chalet Rsoentirli seit mehr als 30 Jahren Ziel von Ferienkolonien." Luxemburger Wort 16. Januar 2014 Säit 18. Och op wort.lu