Rothorn Paradise

Vu Wikipedia

Rothorn Paradise ass den Numm deen d'Biergbunne vun Zermatt engem Plateau ginn hunn, deen eigentlech als "Unterrothorn" bekannt ass an op 3.101 m läit.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

Nieft der Statioun vun der Biergbunn Blauherd- Rothorn gëtt et hei nieft engem Restaurant d'Personalhaus "Kumme". Bis virun der Fusioun vun den Zermatter Biergbunnen haten hei d'Bedreiwer vun den Sunnegga-Blauher-Rothorn Bunnen hir Büroen. Zanter der Fusioun am Joer 2002 ass hei den Haaptverwaltungssëtz vun den "Zermatter Bergbahnen AG".

Bedeitung am Schigebitt[änneren | Quelltext änneren]

Um Rothorn gi just Piste fort, well et den héchste Punkt am Schigebitt vum Rothorn ass an doduerch huet d'Rothorn, nieft dem Fakt eng immens Vue ze hunn, Bedeitung als Aangelpunkt tëscht dem Rothorn an dem GornergratSkigebitt. Vum Rothorn aus kann een am Secteur bleiwen an op de Blauherd an, bei genuch Schnéi, op d'Petrullarve fueren. Eng aner Méiglechkeet erlaabt et, iwwer d'Fluhalp op Gant ze fueren. Vun hei kann een mat enger Pendelkabinn iwwer Hohthälli op de Gornergrat fueren. Et gëtt Pläng fir och eng Verbindung vun Findeln op de Gornergratsecteur ze bauen, soudatt dës staark belaaschte Verbindung entlaascht géif ginn.

Sessellift Kumme[änneren | Quelltext änneren]

Um Rothorn kënnt en 3er Sessellift un, deen eng blo, rout a schwaarz Pist zerwéiert. Wann de Schnéi e Weiderfueren op d'Petrullarve net erlaabt, kann ee mat dësem Lift erëm zeréck op d'Rothorn fueren. 1982 ass dëse Lift a Betrib gaangen.

Lawinen[änneren | Quelltext änneren]

Den ieweschte Secteur vum Rothorn-Skigebitt ass no Neischnéi meeschtens zou, well dann hei eng grouss Lawinegefor besteet. An dësem Fall ass keng Verbindung per Ski op de Gornergratsecteur méiglech. Am Fall wou d'Kabinn Gant-Blauherd funktionéiert ass d'Verbindung per Kabinn méiglech. Dëse Problem soll an der Saison 07-08 duerch de Bau vum Sessellift Findeln-Grünséi geléist ginn.