Roudebierg (Diddeleng)

Vu Wikipedia

De Roudebierg zu Diddeleng läit Oste vun Diddeleng. D'Kopp läit op 376 Meter (NG-L). Den Auto-Pédestre N1 féiert iwwer d'Kopp.

De Roudebierg gëtt haaptsächlech landwirtschaftlech benotzt an ass vu Bëscher an Hecken agekreest déi op sengen Häng am Süden, (Eecherdall) am Westen an am Norden (Hanzendall)leien. Um Westhang huet den Diddelenger Hondsclub säin Trainingsterrain an op den opgeschoddene Koppen niewendrun hunn d'Mountainbiker hire Spaass.

Am Oste läit d' Bloklapp an am Südoste stéisst en un de Bannenterbësch dee selwer eng Parti vum Westhank vum Ginzebierg ass, wou den Televisiounsmast vum RTL-Sender steet.