Roundabout (Museksgrupp)

Vu Wikipedia
Roundabout
D'Band am Joer 2014
Museksgenre Soft-Rock, Pop, Soul
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2009
Trennung 2015
Memberen Max Berens (Gittar)
René Hoffmann (Bass)
Tom Kneip (Drums)
Aydin Ocakdan (Gittar; 2011-15)
Joy Brück (Gesank; 2009-12; 2014-15)
Christine Heitz (Gesank, 2012-14)

Roundabout war eng lëtzebuergesch Schülerband, déi 2009 am Atert Lycée zu Réiden op der Atert gegrënnt gouf a bis 2015 aktiv war. Si huet haaptsächlech Soft-Rock, Pop a Soul gespillt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Grënnung huet d'Band, déi dunn aus véier Leit bestanen huet, ugefaangen am Lycée ze prouwen, a sou e puer Lidder op Schoulfester gecovert. Séier gouf den zweete Gittarist vu Roundabout op si opmierksam an huet sech der Grupp ugeschloss. 2012 huet Roundabout seng Sängerin gewiesselt. D'Christine Heitz huet déi nei Sängerin geheescht an huet d'Joy Brück ersat. Enn 2012 hu si dunn ugefaangen hir eege Lidder ze schreiwen. Hiren éischten ëffentleche Concert (baussent dem Lycée) war Ufank 2013 um Fairtrade Maart zu Biekerech. Den 22. Oktober 2013 huet Roundabout hir zwou Singelen offiziell erausbruecht an domat och fir d'digital Distributioun fräiginn.

Ufank 2014 huet d'Christine Heitz bekannt ginn, d'Band wëllen ze verloossen. D'Joy Brück koum dunn nees zeréck als Sängerin.

Hire gréisste Concert hat d'Band de 27. Juli 2014 um Food For Your Senses. Och um Bike4Life, den 10. Mee 2014, sinn Roundabout opgetrueden.

Bis 2014 hat d'Grupp aachte eege Lidder am Repertoire, déi si op hire Concerte gespillt hunn. Si huet zwou Singelen erausbruecht, déi allebéid den 22. Oktober 2013 op de Maart koumen. En Album war geplangt mee ass ni erauskomm.

Zënter 2015 ginn et keng Neiegkeete méi vu Roundabout.

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2013: Beautiful Thing
  • 2013: Next to You

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]