Rousegäertchen

Vu Wikipedia
De Rousegäertchen am Summer 2013 vun der rue de la Grève aus. Lénks am Honnergrond gesäit een d'Arbedsgebai.

D'Place des Martyrs ass eng Plaz an der Stad Lëtzebuerg, déi op Lëtzebuergesch besser ënner dem informellen Numm Rousegäertchen bekannt ass. Si läit südlech vum Péitrussdall am Garer Quartier. Laanscht d'nordëstlech Achs vun der Plaz leeft d'Avenue de la Liberté, ee vun den Haaptverkéiersweeër vun der Stad; am Südweste läit d'Zithastrooss (Rue Sainte-Zithe). Südëstlech an nordwestlech vun der Plaz verlafen d'Rue du Plébiscite, respektiv d'Rue de la Grève. Ëstlech vum Rousegäertchen an der Avenue de la Liberté, läit de fréiere Verwaltungssëtz vun der Arbed.

D'Plaz ass an den 1920er Joren ugeluecht ginn. Iwwer de Rousegäertche lafen dräi Weeër a Richtung Arbedsgebai zesummen, wou d'Bronzeskulptur "Mother and Child" (1983-84) vum brittesche Kënschtler Henry Moore steet.[1] An den 1980er Jore gouf e Parkhaus ënner dem Rousegäertche gebaut.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rousegäertchen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. henry-moore.org - Mother and Child: Block Seat 1983-84 (LH 838) (gekuckt den 18. Oktober 2013)