Rout Haus (Tréier)

Vu Wikipedia
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schrëft um Rouden Haus

Nieft der Steipe steet an der Dietrichstrooss zu Tréier dat no senger rouder Sandsteefass genannt Rout Haus.

Rout Haus, en Deel vun der Fass

1684 huet den Doumsekretär a Bäckermeeschter Johann Wilhelm Polch dat Haus vum Wolfgang Struppeler opriichte gelooss. Dat am Zweete Weltkrich zerstéiert an tëscht 1968 an 1970 nees opgebaute Gebai ass een interessanten dräistäckege Bau aus der Renaissance mat engem zweestäckege fréibarocke Giewel. D'Aschrëft

ANTE ROMAM TREVIRIS STETIT ANNIS MILLE TRECENTIS
PERSTET ET AETERNA PACE FRUATUR. AMEN

iwwer de Fënstere vum éischte Stack äifert der So no, datt Tréier 1300 Joer méi al wéi Roum soll sinn. Eng zweet Aschrëft deit op den hellegen Antonius, de Patréiner vum Haus. Seng Skulptur ass um zweete Stack an enger Nisch tëscht de Fënsteren op der Fass a staamt aus dem spéide 17. Joerhonnert vun engem Tréierer Kënschtler.