Rovinj

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Panorama vun der Alstad vu Rovinj

Rovinj [ˈrɔʋiɲ] (it. Rovigno, de. fréier Ruwein) ass eng Stad a Kroatien a läit un der Westküst vun der Hallefinsel Istrien. Si huet 14.234 Awunner (Stand: 2001), dovu gehéiere 16,74 % zur italienescher Minoritéit.

Geschichtlech gouf Rovinj fir d'éischt am 5. Joerhonnert als Castrum Rubini ernimmt a war fir d'éischt en Deel vu Byzanz, ier se vun de Langobarden, an du vu de Franken regéiert gouf. Vu 1283 un huet se zu Venedeg gehéiert an ass du kuerz opgebléit. Du gouf Rovinj en Deel vum Räich vun den Habsburger . Nom Zesummebroch 1918, vun Éisträich-Ungarn ass Rovinj mat Istrien zu Italien geschlo ginn. No dem Zweete Weltkrich koum d'Uertschaft 1947 bei Jugoslawien bzw. bei d'Deelrepublik Kroatien, déi zënter 1991 onofhängeg ass.

Rovinj ass u sech eng Insel. 1763 gouf d'Sträif tëschent der Insel an dem Festland opgeschott.

Lag vu Rovinj op der Kaart

Kuckeswäertes [änneren]

D'Stadportal vu Rovinj
  • D' Helleg Euphemia-Kierch, genannt no der chrëschtlecher Märtyrerin , déi uewen op engem Hiwwel dat charakeritescht Bild vu Rovinj dominéiert.
  • D'Uferpromenade matt hire Geschäfter
  • De Maart
  • D'Alstad
  • De Stadmusée, ee vun den eelsten am Mëttelmierraum

Literatur [änneren]

  • Christian Prager, Rainer Landeck: Kroatien. Zauberhafte Küsten und Inseln, Rosenheimer Verlagshaus, i. Oplo Februar 2007.

Fotogallerie [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Rovinj – Biller, Videoen oder Audiodateien