Royal Harwood Frost

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Royal Harwood Frost, gebuer de 25. Februar 1879 zu Salem (Massachusetts) a gestuerwen den 11. Mee 1950 zu Shreveport (Louisiana) war en US-amerikaneschen Astronom.

Hien huet vun 1896 bis 1908 am Harvard College Observatoire als astronomeschen Assistent ënner der Leedung vum E. C. Pickering geschafft, wou en den Asteroid (505) Cava, deen no enger mythologescher Figur vun den Inka benannt ass, entdeckt huet. Hie war mat der Caroline Eliza Mayhew bestuet, an hat dräi Duechteren an zwéi Bouwen.

Asteroidenentdeckungen: 1
(505) Cava 21. August 1902

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]