Royal Society
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D´Royal Society (Kinneklech Gesellschaft) ass eng britesch Geléiertegesellschaft fir d´¨Ennerstëtzung vun deWëssenschaften. Si déngt als national Akademie vun de Wëssenschaften vu Groussbritannien.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Allgemenges
Als „Royal Society“ – ouni weider Zousätz – ginn d´Royal Society zu London (gegrënnt 1660) an déi enk verbonnen Royal Society zu Edinburgh (zënter 1783) bezeechent. Zesummen mat der 1782 begrënnten Royal Academy of Science zu Dublin ass hiirt d´Ziil d´¨Ennerstëtzung vun der wëssenschaftlecher Fuerschung.
Déi dräi Gesellschaften beschäftegen sech bal nëmmen mat der Mathematik an de Naturwëssenschaften. Doniewt gëtt et verschidden aner Royal Societies, déi aner Wëssenschaftsresorte ënnerstëtzen.
D´Royal Society gëtt regelméisseg verschidden Auszeechnungen fir wëssenschaftlech Aarbechten eraus, ënner aneren d´Hughes-Medail. d´Copley Medail, d´Royal Medail an d´Sylvester Medail.
[änneren] Auszeechnungen
D´Royal Society vergëtt zéng verschidde Medailen, sechs prizes an néng prize lectureships a jee no Auszeechnung, Medailen am Rhythmus vun engem, zwéin oder dräi Joer.
D´Laureate vun de Medailen an prize lectureships gi vum Physical Sciences Awards Committee a vum Biological Sciences Awards Committee bestëmmt. Déi Komiteeë bestinn aus Memberen („Fellows“) vun der Royal Society.
Hei eng Iwwersiicht iwwer d'Medailen:
-
Englesch Bezeechnung Lëtzebuergesch Bezeechnung Ageriicht Turnus (aktuell) Beräich Buchanan Medal Buchanan Medail 1897 all zwee Joer (gerued Joren) Medezin Copley Medal Copley Medail 1731 all Joer all Wëssenschaften Darwin Medal Darwin Medail 1890 all zwee Joer (gerued Joren) Biologie Davy Medal Davy Medail 1877 all Joer Chimie Gabor Medal Gabor Medail 1989 all zwee Joer (ongerued Joren) Genetik a Molekularbiologie Hughes Medal Hughes Medail 1902 all Joer Physik King Charles II Medal 1997 onregelméisseg fir Staatsmänner, déi d'Fuerschung ënnerstëtzen Leverhulme Medal Leverhulme Medail 1960 all dräi Joer Chimie an Chemiesingenieurswiesen Royal Medal Royal Medail 1826 all Joer, dräi Medailen 2 mol Naturwëssenschaften, 1 mol ugewannte Wëssenschaften Rumford Medal Rumford Präis 1800 all zwee Joer (gerued Joren) Thermesch an optesch Materialeegeschaften Sylvester Medal Sylvester Medail 1901 all dräi Joer Mathematik
[änneren] Presidente vun der Royal Society
Eng Lëscht mat de wichtegste Presidente vun der Royal Society:
- William Brouncker (1662–1677)
- Sir Christopher Wren (1680–1682)
- Samuel Pepys (1684–1686)
- Sir Isaac Newton (1703–1727)
- Sir Joseph Banks (1778–1820)
- William Hyde Wollaston (1820–1820)
- Sir Humphry Davy (1820–1827)
- Lord Rosse (1848–1854)
- Sir Joseph Dalton Hooker (1873–1878)
- Thomas Henry Huxley (1883–1885)
- George Gabriel Stokes (1885–1890)
- Lord Kelvin (1890–1895)
- Lord Rutherford of Nelson (1925–1930)
- Patrick Maynard Stuart Blackett (1965–1970)
- Lord May of Oxford (2000–2005)
- Lord Rees of Ludlow (2005- )