Rubicon (Belsch)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Rubicon ass eng Baach an der Belsch an der Provënz Léck. Et ass e rietsen Niewefloss vun der Amblève.
Et ass eng ënnerierdesch Baach, déi hiert Waasser aus Chantoire kritt, déi am Vallon des Chantoirs tëscht Louveigné a Sprimont sinn.
D'Baach leeft duerch d'Grotte vu Remouchamps an der Gemeng Aywaille. Hiren ënnerierdesche Laf ass 600 Meter laang, a si ass déi längsten ënnerierdesch schëffbar Baach op der Welt.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Rubicon – Biller, Videoen oder Audiodateien |