Rudy Mach

Vu Wikipedia
Rudy Mach
Gebuer 6. August 1918
Gestuerwen 12. Dezember 2011
Nationalitéit Lëtzebuerg
Dem Rudy Mach seng Erënnerungen

De Rudy Mach, gebuer de 6. August 1918 zu Iechternach[1] an do den 12. Dezember 2011 gestuerwen[2], war e lëtzebuergesche Polizist a Resistenzler. Hie gouf de 14. Dezember 2011 um Iechternacher Kierfecht begruewen.[3]

Den Zaldot an der Fräiwëllegekompanie[änneren | Quelltext änneren]

1938 ass de Rudy Mach an d'Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie agetrueden. Beim Iwwerfall vun den däitschen Truppen op Lëtzebuerg den 10. Mee 1940 ass de Rudy Mach, deen zu Reisduerf stationéiert war, fir d'Bréck iwwer d'Sauer ze bewaachen, an däitsch Gefaangenschaft geroden an eréischt Enn Mee liberéiert ginn.[1]

De 4. Dezember 1940 ass d'Fräiwëllegekompanie, an domat och de Rudy Mach, vun den Däitschen op Weimar deplacéiert ginn. No der Opléisung vun der Kompanie am Juni 1941 koum hien op Tréier an d'Motorisierte Polizeischule, déi Mëtt Juli 1941 op Suhl an Thüringen verlagert gouf. Well hien awer Enn August refuséiert huet, Kandidat fir déi däitsch Police ze bleiwen, ass de Rudy Mach fristlos entlooss ginn a koum op Iechternach zeréck.[1]

De Resistenzler a KZler[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Dezember 1941 ass hien op Waasserbëlleg bei d'Eisebunn placéiert ginn an huet an der Rott geschafft.[1]

Ëm déi Zäit ass de Rudy Mach Member vun der Lëtzebuerger Patriote Liga (LPL) ginn. Den 18. Mee 1942 gouf hien dofir[4] verhaft an zwéin Deeg zu Iechternach inhaftéiert; duerno ass hien an der Villa Pauly an der Stad vun der Gestapo verhéiert an am Prisong am Gronn agespaart ginn. Den 20. Mee 1942[5] gouf hien an d'KZ vun Hinzert bruecht, wou hien am September 1942 nach kuerz mam Iechternacher Professer Alphonse Schmit konnt schwätzen an deen aneren Dag gesinn huet, wéi de Schmit vun zwéin SS aus dem Lager erausgefouert gouf fir erschoss ze ginn.[6] Vum 21. Januar 1943 u war hien zu Natzweiler-Struthof, duerno koum hien den 1. Mäerz 1944 an d'Aussenlager vu Schömberg bei Balingen (Württemberg) fir schlussendlech den 13. Abrëll 1945 an d'Lager vun Allach (München), eng Dependenz vum KZ Dachau, transferéiert ze ginn. Do gouf hien den 30. Abrëll 1945 vun den Amerikaner befreit.

Seng Famill gouf am Mee informéiert, datt hien zu Allach wier.[7] De 5. Juni 1945 war de Rudy Mach nees doheem zu Iechternach.[1]

De Polizist[änneren | Quelltext änneren]

Hie gouf ufanks August 1945 an d'Lëtzebuerger Police opgeholl a koum an d'Kommissariat vun Iechternach, wou hie seng ganz Carrière gemaach huet. 1971 ass hie Policekommissär a senger Heemechtsstad ginn. Ee vun den Héichpunkte vu senger Polizistecarrière war, wéi d'englesch Kinnigin Elisabeth II. den 10. November 1976 op Iechternach koum,[8] an hie fir déi lokal Sécherheetsmesuren zoustänneg war. De Rudy Mach ass de 6. August 1978 pensionéiert ginn.[1]

De Foussballspiller[änneren | Quelltext änneren]

De Rudy Mach huet a senger Jugend Foussballl gespillt. Wéi den Iechternacher Daring nom Zweete Weltkrich den 10. August 1945 seng Aktivitéit erëm offiziell opgeholl huet, war hien dobäi an huet vun 1945 bis 1948 an der 1. Ekipp gespillt.[9]

Ee Réckbléck[änneren | Quelltext änneren]

Um Nationalfeierdag vun 1949 gouf de Rudy Mach mat der Croix de Guerre 1940/45 ausgezeechent.[10]

Seng Erënnerungen u seng Zäit als Zaldot, KZler a Polizist, déi de Rudy Mach am Joer 1992 zu Pabeier bruecht hat, sinn am Oktober 2009 vun der Gemeng Iechternach publizéiert ginn.[11] Dës Publikatioun, déi vun der Iechternacher Amicale des enrôlés de force - victimes du nazisme an d'Wee geleet gouf, baséiert op enger Virlag (Text a Fotoen) aus dem Joer 2003, déi de Georges Arnold um Computer gemaach hat.[12]

D'Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Rudy Mach war mat der Julie Haag (7.10.1923 - 27.7. 2013) bestuet a war de Papp vun dräi Meedercher.[13]

Publikatioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Mach, Rudy, 2009. Le refus. Récit d'un membre de la Compagnie de Volontaires Luxembourgeoise. Echternach, (1), 53 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wilhelm, Frank: Mach, Rudy. In: Luxemburger Autorenlexikon. Online-Versioun. [6] [opgeruff de 14. Dezember 2011]. (de)
  • Wilhelm, Frank: Mach, Rudy. In: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Online-Versioun. [7] [opgeruff de 14. Dezember 2011]. (fr)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Mach 2009.
  2. Administration communale, Echternach.
  3. Doudesannonce am Luxemburger Wort, Nr. 290, vum 13. Dezember 2011, Säit 47.
  4. Luxemburger Wort 1949, Nr. 336 (2. Dezember), S. 4 (Artikel: Der Gestapo-Prozess). [1]
  5. Deen Datum gëtt de R. Mach a sengem Buch (Mach 2009); am Rappel, 2. Jg., Nr. 11, Mee 1948, S. 798, stinn dës Datumer fir dem R. Mach seng Zäit zu Hinzert: 22.5.1942 - 26.1.1943.
  6. Mach 2009, S. 27. — De Rudy Mach leet déi Episod iertëmlercherweis an den Oktober 1942.
  7. Escher Tageblatt 1945, Nr. 111 (17. Mee), S. 1 (De Commissariat au Rapatriement délt [sic] mat). [2]
    Luxemburger Wort 1945, Nr. 143 (23. Mee), S. 1 (Amtliche Mitteilungen). [3]
  8. Kuck: Massard, J.A. & P. de Jong, 1997. Vor 20 Jahren: Königin Elisabeth II. und Prinz Philip in Echternach. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1996, S- 213-223. — De Rudy Mach ass op der Foto vun der Säit 218 nieft der Kinnigin ze gesinn.
  9. Schwebag, P. & G. Pommerell, 1996. Daring Eechternoach, 1921-1996. 89 Jaouer Foussball an 75 Jaouer Daring zu Eechternaoch. 1907-1996. Echternach, S. 47-52.
    Schwebag, P., 2011. Daring Club Eechternoach, 1921-2011. 104 Jaouer Foussball zu Eechternoach. 90 Jaouer Daring. Echternach, S. 34s.
  10. Luxemburger Wort 1949, Nr. 24 (24. Januar), S. 4 (Artikel: Mit Glanz und Begeisterung feierte Luxemburg Thronjubiläum und Geburtstag I.K.H. der Grande-Duchesse Charlotte). [4]
    Tageblatt 1949, Nr. 20 (25. Januar), S. 3 (Ordensverleihungen bei Armee und Polizei). [5]
  11. Deux témoignages sur les «années noires»: des victimes epternaciennes du nazisme publient leurs souvenirs. Luxemburger Wort 2009, Nr. 247 (23. Oktober), S. 14.
  12. Préface vum Gérard Wohl an dem Buch vum Rudy Mach (2009).
  13. Luxemburger Wort 2013, Nr. 175 (29. Juli), S. 36 (Avis mortuaires).