Rue de la Reine

Vu Wikipedia
Rue de la Reine
Numm fr: Rue de la Reine
Längt ca. 50 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 2418
Koordinaten 49° 36’ 39.1’’ N
      06° 07’ 55.7’’ O
D'Rue de la Reine.

D'Rue de la Reine an der Stad Lëtzebuerg verbënnt de Knuedler iwwer d'Rue du Fossé (um Gruef) mam Krautmaart.

D'Plaz déi fréier do war gouf schonn a mëttelalterlechen Dokumenter als Krempelmaart ernimmt, ma d'Strooss selwer war laang ouni Numm bis se den 18. Dezember 1840 déi haiteg Bezeechnung krut.[1]

Dem Henri Beck no ass net beluecht op wat fir eng Kinnigin den Numm sech bezitt. Mä, well de Wëllem II. am Oktober 1840 d'Nofolleg vu sengem Papp Wëllem I. als Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg ugetratt huet, gëtt allgemeng ugeholl datt et sech ëm d'Anna Paulowna, déi nei Kinnigin vun Holland, misst handelen.[1] D'Anna Paulowna, eng Schwëster vun de russeschen Zaren Alexander I. an Nikolaus I., gouf den 21. Februar 1816 zu Sankt Péitersbuerg mam Wëllem II. bestuet.

D'Rue de la Reine gouf, zesumme mam Krautmaart, Enn vun den 1990er Joren an eng Foussgängerzon ëmgewandelt.[2] Ier 1997 d'Aarbechten dozou ugoungen, goufen archeologesch Ausgruewunge gemaach. Dobäi sinn ë. a. Reschter vun der mëttelalterlecher Stadmauer zum Virschäin komm, déi haut an enger archeologescher Krypta ze gesi sinn.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rue de la Reine – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Beck, Henri: Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? In: ons stad 51/1996, S.27.
  2. René Clesse: "Am Krautmarkt und in der Rue de la Reine entsteht eine Fußgängerzone." In: ons stad 54/1997, S.20-21.
  3. François Reinert: L'église Saint-Nicolas et les fouilles de la rue du Marché-aux-herbes et de la rue Reine In: ons stad 54/1997, S.10-16.