Ruffbus Capellen

Vu Wikipedia

De Ruffbus Capellen, ass en Transportsystem am Kanton Capellen.

Den 12. Juni 2008 hunn den deemolegen Transportminister Lucien Lux an d'Communauté des Transports de Pilotprojet Ruffbus Capellen - besser virukommen, virgestallt.

Bei deem Projet hunn d'Leit um Territoire vum Kanton Capellen d'Méiglechkeet fir en Transportmëttel zur Verfügung ze hunn, fir dat se sech net u fix Horairen, oder u virbestëmmte Bus-Arrêten oder Bus-Linne mussen halen.

De Ruffbus kënnt am kierztméiglechen Delai d'Leit op Telefonsuruff hin, op déi Plaz sichen déi beim Telefonsgespréich matgedeelt gouf, a féiert se dohi wou se wëllen hikommen, ënner der Konditioun datt den Depart an d'Arrivée um Territoire vum Kanton sinn.