Ruin
| Dës Säit beschäftegt sech mat Bauwierker am Zoustand vun enger Ruin. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Ruin (Homonymie). |
Eng Ruin aus dem laténgesche ruere - ëmfalen", ass e Bauwierk, dat zerfall ass, respektiv dat, wat dervu rescht ass. Grond vum Zerfall kann d'Zerstéierung duerch Naturkatastrophen oder mënschlecht Awierken - z.B. an engem Krich - sinn; eng Ruin kann awer och no an no doduerch entstoen, datt e Bauwierk net méi ënnerhale gëtt an esou duerch Wiederaflëss an Erosioun lues a lues zerfällt.
Fréier goufe Ruinen dacks als Steebroch geholl, fir d'Steng an neie Gebaier ze 'verbauen'. An der Renaissance goufen d'Ruinen aus der Antikitéit als "interessant" entdeckt, an am 18.-19. Joerhonnert, besonnesch an der Romantik, déi aus dem Mëttelalter.
Haut sti Ruine vu bemierkenswäerte Gebaier dacks ënner Denkmalschutz. Si mussen an deem Fall an hirem Zoustand konsolidéiert ginn, fir net nach méi ze verfalen.
[änneren] Bekannte Ruinen zu Lëtzebuerg
- Bockfiels
- Buerg Beefort
- Buerg Branebuerg
- Buerg Buerschent
- Buerg Esch-Sauer
- Buerg Fiels
- Buerg Gehaansbierg
- Buerg Hesper
- Buerg Huelmes
- Schlass Käerch
- Buerg Useldeng
- Huelen Zant
- Schuerelser Schlass
- Waasserbuerg Pëtten
- Buerg um Zolwerknapp
| Commons: Ruins – Biller, Videoen oder Audiodateien |