Ruisseau d'Évegnée

Vu Wikipedia
De Ruisseau d'Évegnée laascht d'rue d'Évegnéé eng ronn 500 m virum Zesummelaf mat der Julienne

De Ruisseau d'Évegnée ass eng Baach an der belscher Provënz Léck um Territoire vun de Gemenge Soumagne à Blegny.

Als Niewefloss vun der Julienne gehéiert en zum hygrographesche Baseng vun der Meuse.

D'Baach entsteet aus e puer Quellen déi am Zentrum vun Évegnée zesummelafen. Da leeft d'Baach duerch e breeden Dall mat engem zimmlech staarke Gefäll no Norden an Direktioun Saive, wou se um Lieu-dit Mousset an d'Julienne leeft.

D'Baach ass ronn 2 km laang a verléiert op där kuerzer Streck ronn 60 Meter un Héicht.