Ruisseau de Radru

Vu Wikipedia
De Ruisseau de Radru zu Lamorteau

De Ruisseau de Radru och alt einfach Radru genannt, ass eng kleng Baach an der belscher Gemeng Rouvroy um Territoire vun der Uertschaft Lamorteau, am Süde vun der Provënz Lëtzebuerg.

Se huet hir Quell op enger Héicht vu ronn 301 Meter südëstlech vu Lamaorteau am Bësch mam Numm Bois de Guéville. Si leeft dann am Ufank ongeféier 2 Km no Süwesten, fir dann no Nordwesten ze dréinen, an no engem Laf vun am Ganze 4 Km zu Lamorteau op enger Héicht vun 195 Meter an den Ton ze lafen.

Um hallwe Wee fiddert se de Weier vun der Mille vu Radru.