Rupel

Vu Wikipedia
D'Rupel tëscht Niel a Boom

D'Rupel ass e Floss vun 12 km an der belscher Provënz Antwerpen a Flandern. Se ass e rietsen Niewefloss vun der Schelde, an déi se vis-à-vis vu Rupelmonde leeft.

D'Rupel ass deen eenzege Floss an der Belsch "ouni Quell": Se entsteet aus dem Zesummefloss vun der Nete an der Dijle.

Ebbe a Flut sinn, iwwer d'Schelde, bis bei d'Rupel ze spieren. De Floss ass fir Schëffer ausgebaut.

D'Rupel leeft duerch d'Gemenge Rumst, Boom, Niel a Schelle, a si mécht vu Rumst bis bei hir Mëndung, d'Verbindung tëscht der Schelde an dem Kanal Louvain-Dijle.

D'Rupel an aner belsch Flëss


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rupel – Biller, Videoen oder Audiodateien