Russesch Literatur
![]() |
| Dësen Artikel gehéiert zur Serie Literatur |
| Lëtzebuergesch Literatur |
| Literaturgeschicht |
|
Antikitéit - Mëttelalter |
| Literaresch Formen |
| Liest heizou och |
| Nationen a Sproochen |
|
Amerikanesch - Englesch |
Déi wichtegst Zäsur an der russescher Literatur léisst sech ongeféier op d'Enn vum 17. Joerhonnert Ufank vum 18. Joerhonnert datéieren.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Alrussesch Literatur
Déi Literatur, déi virun där Zäit entstanen ass, bezeechent een als Alrussesch Literatur. Si huet hir Wuerzelen am byzantinesche Schrëfttum vum Mëttelalter a befaasst sech haaptsächlech mat reliéisen Themen. Meeschtens ass se am Kiercheslawesch geschriwwen.
[änneren] Nei russesch Literatur
Duerno schwätzt ee vun der Neier russescher Literatur. Si baséiert sech op d'westeuropäescht, vum griichesch-réimesche Virbild weiderentwéckelt Schrëfttum an ass an der Sprooch vum Vollek, also op Russesch geschriwwen.
Zu de bedeitendste russesche Schrëftsteller vu Weltrang gehéiren den Alexander Puschkin, de Michail Lermontow, den Nikolai Gogol, den Iwan Turgenew, de Fjodor Dostojewski, de Lew Tolstoi, den Nikolai Leskow, den Anton Tschechow, de Maxim Gorki, den Iwan Bunin, de Wladimir Nabokow, de Michail Bulgakow, de Michail Scholochow, de Boris Pasternak an den Alexander Solschenizyn.
[änneren] Sowjetliteratur
D'Sowjetliteratur ass vun der nei gewonnener "Fräiheet" vum einfache Vollek, vun dem domadder verbonnene Jubel, Kapitalismus-Kritik an natierlech Propaganda aus dem Kreml geprägt. Nëmmen e puer Schrëftsteller wéi z.B. de Michail Bulgakow, den Andrei Platonow, den Alexander Solschenizyn asw. hunn sech um Doft vun der Immigratioun an u Kritik um Regime versicht. Hir Wierker si meeschtens eréischt laang no hirem Doud, als éischt och an enger zenséierter Versioun, publizéiert ginn. D'Palette geet vum klassesche, realistesche Roman bis zur Science Fiction.
[änneren] Neiste russesch Literatur
An der Russescher Literatur vun der Géigewaart gëtt et eng erausragend Grupp vun Auteuren, déi een alleguerten ënnert dem net eleng op Russland limitéierten Epochebegrëff Postmodern zesummefaasse kann. Dee warscheinlech bedeitendsten, well radikalste Schrëftsteller vun der russescher Postmodern ass de Wladimir Sorokin. Da kann een hei och nach d'Alina Wituchnowskaja, d'Marija Sumnina, an d'Nadeschda Grigorewa ernimmen.
[änneren] Literatur zum Thema
- Stender-Petersen, Adolf, Geschichte der russischen Literatur, 5. Oplag, C.H. Beck, München, 1993. ISBN 3-406-31557-7
| Commons: Literature of Russia – Biller, Videoen oder Audiodateien |
