Russescht Alphabet

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Dat russescht Alphabet ass eng Variant vum kyrilleschen Alphabet mat deem déi russesch Sprooch geschriwwe gëtt. Et gouf an der Kiewer Rus zur Zäit vum Wladimir I. senger Bekéirung zum Chrëschtentum (988) agefouert. Am 18. Joerhonnert si verschidde Buschtawen aus dem Gebrauch komm an 1918 sinn der nach eng Rei offiziell ewechgefall, sou datt dat modernt russescht Alphabet aus 33 Buschtawe besteet.

D'Alphabet[änneren | Quelltext änneren]

Buschtaf Transkriptioun Transliteratioun Aussprooch12
Lëtzebuergesch Däitsch Englesch wëssenschaftlech ISO 9 IPA
А а  01-Russian alphabet-А а.svg A a A a a
Б б  02-Russian alphabet-Б б.svg B b B b b
В в  03-Russian alphabet-В в.svg W w V v V v v
Г г  04-Russian alphabet-Г г.svg G g (w)1 G g G g g
Д д  05-Russian alphabet-Д д.svg D d D d d
Е е  06-Russian alphabet-Е е.svg E e (Je je)2 E e (Ye ye)2 E e ʲɛ / jɛ13
Ё ё  07-Russian alphabet-Ё ё.svg Jo jo (O o)3 E e (Yo yo)3 Ë ë ʲɔ / jɔ13
Ж ж 08-Russian alphabet-Ж ж.svg J j4 Sch sch4 Zh zh Ž ž ʒ
З з  09-Russian alphabet-З з.svg S s Z z Z z z
И и  10-Russian alphabet-И и.svg I i5 I i ʲi / i / ji14
Й й  11-Russian alphabet-Й й.svg I i (–, J j)6 Y y J j j
К к  12-Russian alphabet-К к.svg K k7 K k K k k
Л л  13-Russian alphabet-Л л.svg L l L l l
М м  14-Russian alphabet-М м.svg M m M m m
Н н  15-Russian alphabet-Н н.svg N n N n n
О о  16-Russian alphabet-О о.svg O o O o ɔ
П п  17-Russian alphabet-П п.svg P p P p p
Р р  18-Russian alphabet-Р р.svg R r R r r
С с  19-Russian alphabet-С с.svg S s (ss)8 S s S s s
Т т  20-Russian alphabet-Т т.svg T t T t t
У у  21-Russian alphabet-У у.svg U u U u u
Ф ф  22-Russian alphabet-Ф ф.svg F f F f f
Х х  23-Russian alphabet-Х х.svg Ch ch Kh kh Ch ch H h x
Ц ц  24-Russian alphabet-Ц ц.svg Z z Ts ts C c ʦ
Ч ч  25-Russian alphabet-Ч ч.svg Tsch tsch Ch ch Č č tʃʲ
Ш ш  26-Russian alphabet-Ш ш.svg Sch sch Sh sh Š š ʃ
Щ щ  27-Russian alphabet-Щ щ.svg Schtsch schtsch9 Shch shch Šč šč Ŝ ŝ ʃʲː
Ъ ъ  28-Russian alphabet-ъ.svg ( - )10 ʺ
Ы ы  29-Russian alphabet-ы.svg Y y Y y ɨ
Ь ь  30-Russian alphabet-ь.svg ( - ) (J j)11 (Y) (y) ʹ ʲ
Э э  31-Russian alphabet-Э э.svg E e Ė ė È è ɛ
Ю ю  32-Russian alphabet-Ю ю.svg Ju ju Yu yu Ju Ju Û û ʲu / ju13
Я я  33-Russian alphabet-Я я.svg Ja ja Ya ya Ja ja  â ʲa / ju13

Hiwäiser:

  1. An der Genitivendung vun den Adjektiver -ого/-его ass d'Transkriptioun ausnamsweis w (owo/-(j)ewo), well dat an deene Fäll och der Aussprooch entsprécht.
  2. No russesche Vokalen, um Wuertufank an no ь souwéi ъ gëtt Е е mat je bzw. Je (engl. ye bzw. Ye) transkribéiert, soss mat e. Beispill: Ельцин -> Jelzin. Wann am Russesche fir Е е och Ё ё geschriwwe ka ginn, da gëtt Е е wéi Ё ё erëmginn.
  3. No russesche Vokalen, um Wuertanfank, no de meeschte Konsonanten an no ь souwéi ъ gëtt Ё ё mat jo transkribéiert; nëmmen no ж (j), ч (tsch), ш (sch), a щ (schtsch) dogéint mat o. Beispill: Горбачёв -> Gorbatschow
  4. Bis 1999 konnt de mëlle stëmmhafte Sch-Laut, deen dem ж entsprécht, am Lëtzebuergesche prezis mat jh erëmgi ginn, no der Schreifweisreform ass déi schrëftlech Ënnerscheedungsméiglechkeet ewechgefall, sou datt vun do u just nëmme mat j transkribéiert gëtt. Am Däitsche kann dee Laut net eendeiteg a verständlech mat Buschtawen ausgedréckt ginn, sou datt nieft dem Duden senger Recommandatioun sch besonnesch am Deel vun der fréierer DDR mat sh transkribéiert gëtt als Ënnerscheedung zum stëmmlose sch.
  5. Kuckt a Verbindung mat Ь ь awer bei 11.
  6. Den й gëtt no и an no ы net erëmginn. Mat i gëtt en transkribéiert um Enn vum Wuert souwéi tëscht russesche Vokalbuschtawen a russesche Konsonantebuschstawe (z. B. Горький -> Gorki, Андрей -> Andrei, Чуйков -> Tschuikow). Mat j gëtt en transkribéiert no i/y viru Konsonant (z. B. Новороссийск -> Noworossijsk) souwéi viru Vokal (z. B. йогурт -> jogurt).
  7. Den Duden schreift vir, datt "an alle Fäll" кс als x transkribéiert soll ginn. An der Wikipedia gëtt dës Regel awer nëmmn dann applizéiert, wann et ëm Wierder mat griichescher oder laténgescher Origine geet (Алексей -> Alexei). A russesche Wierder mat slawescher oder anerer Origine gëtt ks gebraucht (also z. B. Выкса -> Wyksa). Dëst gëllt souguer dann, wann et ëm Wierder mat däitscher Origine geet, déi am Original am Däitsche mat chs oder cks geschriwwe ginn (z. B. Вексель -> Weksel).
  8. Tëscht Vokalen zur Kennzeechnung vun der stëmmloser Aussprooch fir gewéinlech ss.
  9. An der DDR war och d'Transkription stsch gängeg.
  10. Häertzeechen: Hieft d'Palataliséirung vum Konsonant dee virdru steet op. Gëtt gemenkerhand net transkribéiert, kann awer heiansdo trotzdeem en Afloss hunn (kuckt bei 2).
  11. Duusstzeechen: Palataliséiert de Konsonant dee virdru steet. Gëtt gemenkerhand net transkribéiert, well d'Ënnerscheeder an der Aussprooch fir net-russesch Oueren éischter kleng ausfalen an en Apostroph am Wort d'Liesen nëmme méi beschwéierlech mécht. Beispill: Gorki amplaz Gorʹki. Wann d'Duusstzeechen awer virun engem Vokal steet, wat seele genuch virkënnt, da ginn sou Verbindunge wéi ьи, ье a ьо mat ji, je bzw. jo transkribéiert. Viru я a ю gëtt ь awer net transkribéiert, well de j schonn an där hirer Transkriptioun (ja bzw. ju) enthalen ass.
  12. Bei Vokale bezitt sech d'IPA Indicatioun op d'Aussprooch a betounter, isoléierter Plaz. Aner Aussprooche wéinst Vokalreduktioun an onbetounte Silben oder duerch den Afloss vu palataliséierten Nopeschkonsonante ginn net uginn.
  13. Déi zweet Aussprooch déi ugi gouf gëllt nëmmen um Wuertanfank, no Vokal, ъ oder ь.
  14. D'Aussprooch [i] gëllt am Wuertulaut, [ji] no Vokal, ъ oder ь.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Russescht Alphabet – Biller, Videoen oder Audiodateien