Ry Boissaux
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Rosalie Ry Boissaux, gebuer de 15. August 1900 zu Hollerech, a gestuerwen den 19. Februar 1986 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
Si war 1937 Gënnungsmember vu der Vereenegung Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden.
1939 gouf si Member vun der Société des écrivains luxembourgeois de langue française (SELF).
1961 hat si mat enger Kannersendung um Radio ugefaangen.
D'Ry Boissaux gouf 1985 Member vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal.
Inhaltsverzeechnes |
Texter op Franséisch [änneren]
- Blessures, 1939, Lëtzebuerg
- Madame Molitor et Cie,, 1945, Lëtzebuerg
- Niki-Chat, 1957, SELF
- Contes d'enfants et d'animaux, 1961, SELF
- Crocodiliade, 1973, SELF
- Mosaïque, 1983, Institut Grand-Ducal, Section des Arts et des Lettres
Texter op Lëtzebuergesch [änneren]
- De Vullenzirk am Wantergaart, 1954, Lëtzebuerg
- Verziel mer eng Geschicht, 1971, Lëtzebuerg
- Mäin Diddelénger Geschichtebuch 1903-1918, 1979, Esch-Uelzecht
- Kannerstonn, 1981, Lëtzebuerg
Texter op Däitsch [änneren]
- Köpfchen. Die Geschichten des abgebrochenen Puppenkopfes und andere Erzählungen, 1949, Lëtzebuerg
- Leise Lieder, Eegeverlag, net am Handel
Texter an Zäitschrëften [änneren]
D'Ry Boissaux huet a folgenden Zäitschëfte matgeschafft: