S&W Model 500 Revolver

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Model 500 Revolver vu Smith&Wesson mat engem Euro

De S&W Model 500 Revolver vun der Waffefabrik Smith & Wesson ass am Ament dee stäerkste Revolver, deen existéiert. E verschéisst 500 S&W Magnum-Munitioun.

Mat handelsübleche Chargë kënnt en dann op 3.500 Joule a mat selwer geluedener Munitioun konnt e souguer op 4.100 Joule Mëndungsenergie gedriwwe ginn. Zum Verglach: souguer Stuermgewierer leien nëmmen tëscht 1.500 an 3.300 Joule.

Dësen 2003 entwéckelte Revolver ass deemno och virun allem geduecht fir d'Juegd op Grousswëld (Hirsch, Elch, Bier, Afrikaneschen Elephant, etc.). Den immense Réckstouss gëtt deelweis kompenséiert duerch d'grousst Gewiicht vun der Waff selwer (2,05 kg), e Gummisgrëff dee gutt an der Hand läit, Frontgewiichter an e Kompensator.

Trommel vum S&W500

De Standardlaf ass 222 mm laang, mä et gëtt och e kuerze Model 500S mat engem Laf vu just 102 mm Längt, de Model 500H mat ganzer 266 mm an de Performance Center Model mat 267 mm. De Revolver ass en Double Action, an an d'Trommel gi 5 Patrounen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]