Sächsische Staatsoper Dresden
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Semperoper zu Dresden (offizielle Numm: Sächsische Staatsoper Dresden) huet als Haff- a Staatsoper vu Sachsen eng lang geschichtlech Traditioun.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht vum Gebäi
[änneren] Den éischte Bau
Vun 1838 bis 1841 huet de Baumeeschter Gottfried Semper (1803–1879) en neie kinniklechen Hafftheater opgeriicht, deen allerdengs schonn den 21. September 1869 duerch e Feier zerstéiert gouf.
[änneren] Interimsbau
Scho véier Wochen no der Brandkatastroph vum éischte Semperschen Haffftheater hunn d'Bauaarbechte fir en Interimstheater am Zwingerwall, hanner de Ruine vum alen Theater ugefaangen. No nëmme sechs Wochen Bauzäit ass dat mat einfache Konstruktiounsmëttele gebaute Gebäi, dat fir 1800 Persoune Plaz hat an am Volleksmond de Numm "Briederbud" kritt huet, mat dem Goethe sengem Iphigenie auf Tauris den 2. Dezember 1869 opgaangen.
[änneren] De zweete Bau
Geschwënn duerno huet de Gottfried Semper en zweet Gebai entworf, dat ënner der Leedung vu sengem eelste Jong Manfred Semper (1838–1913) vun 1871 bis 1878 op der Theaterplaz gebaut gouf. Den Theaterbau ass bannena prachtvoll ausstafféiert. Iwwer dem Portal steet e Panther aus Bronz, mat Dionysos an Ariadne vum Johannes Schilling. Niewent dem Agank sti Skulpturen vum Johann Wolfgang von Goethe an Friedrich Schiller, an de Säitennischen vu der Fassade d'Skulpture vum William Shakespeare, Sophokles, Molière an Euripides. Dësen zweete Bau gouf an der Nuecht vum 13. Februar 1945 beim Bombardement vu Dresden komplett zerstéiert.
[änneren] Den drëtte Bau
No dem Zweete Weltkrich 1946–1955 goufen d'Dispositiounen fir d'Reconstruktioun ageleet. De 24. Juni 1977 gouf de Grondsteen geluecht. Um 13. Februar 1985,dem 40. Anniversaire vu senger Zerstéierung, ass d'Semperoper mam Carl Maria von Weber senger Oper „Der Freischütz“ erëm opgaangen. Et war déiselwecht Oper déi den 31. August 1944 gespillt gouf, wéi d'Semper-Oper zougemaach ginn ass.
Obschonns se schonns Staatsoper war, huet d'Oper nach zousätzlech den offiziellen Titel „Sächsische Staatsoper“ kritt. Duerch dat aussergewéinlecht Héichwaasser vu der Elbe am August 2002 huet d'Operenhaus schwéier gelidden an hat e Schued vu 27 Milliounen Euro. Dräi Méint derno (9. November 2002) ass se erëm opgemaach ginn.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Semperoper – Biller, Videoen oder Audiodateien |