Säit (Instrument)

Vu Wikipedia

Eng Säit ass e flexibelt Material, dat op Säiteninstrumenter (Gittar, Bass, Harf asw.), Tasteninstrumenter (Piano, Cembalo, Hackbried asw.) oder Sträichinstrumenter (Gei, Cello, Kontrabass) opgespaant gëtt.

Doduerch datt se gezupft, ugeschloen oder gestrach ginn, fänken d'Säiten un ze vibréieren a maache mat Hëllef vun engem elektresche Verstäerker oder enger Resonanzkëscht en Toun. D'Tounhéicht variéiert mat der Déckt, der Form an der Längt vun de Säiten an den Toun selwer variéiert mam Material mat deem d'Säit zum Vibréiere bruecht gëtt.

D'Säite besti meeschtens aus Drot, Daarm, Planzefaseren oder Nylon. Si kënne ganz glat, oder, haaptsächlech fir déif Téin, gekréngelt sinn.