Sète
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Montpellier | ||||
| Kanton | Chef-lieu vu Sète-1 a Sète-2 | ||||
| Code Insee | 34301 | ||||
| Postcode | 34200 | ||||
| Koordinaten | 43° 24' 19" N 03° 41' 51" O |
||||
| Fläch Uertschaft | 24,21 ha | ||||
| Bevëlkerung Uertschaft | 43 400 (2006) | ||||
Sète (op occitanesch Seta ) ass eng franséisch Stad a Gemeng am Hérault am Languedoc-Roussillon. D'Awunner heesche Sétois.
Sète ass e Fëscherhafen an Haaptuert vun den zwéi Kantone Sète-1 a Sète-2. Sète stéisst Süden un d'Mëttelmier an am Westen an Norden un den Étang de Thau. Nopesch Uertschafte sinn am Norden Balaruc-les-Bains, am Osten Frontignac an am Weste kënnt een iwwer eng natierlech Digue tëscht dem Bassin de Thau an dem Mëttelmier op Agde.
Bis 1928 huet Sète Cette geheescht; de Georges Brassens ernimmt dee Changement a sengem Chanson Jeanne Martin.
Etymologesch hätt den Numm « Cette » deeselwechten Ursprong wéi Ceuta déi spuenesch Enklav a Marokko, wat " cétacé" op franséisch bedeit. Dat kéim vun de Séileit hier, well déi de Bierg vu Cette vum Mier aus a Form vun engem Walfësch gesinn.
Sète gëtt och nach « l'île singulière » oder « l'île bleue » genannt.
Den Territoire vun der Gemeng kann adeelt ginn an:
- Den Etang de Thau.
- D'Küstesträif tëschent Sète a Marseillan mat senger laanger Plage, enger Nationalstrooss (N112), an der Eisebunnslinn Montpellier - Béeziers an och nach e grousse Wéngert.
- D'Île singulière selwer an de Mont Saint-Clair mat um Fouss vum Bierg d'Aalstad, an am Norden, Westen an op den Häng vum Bierg déi nei Residenz-Quartieren.
- Am Oste vun der Gemeng sinn déi verschiddenen Häfen; en Touristenhafen, e Yachthafen, an en industriellen Hafen.
| Commons: Sète – Biller, Videoen oder Audiodateien |