Sébastien Thill (Foussballspiller)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Foussballspiller Sébastien Thill. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Sébastien Thill.
Sébastien Thill
Gebuer 29. Dezember 1993
Nidderkuer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst 189 Zentimeter
Veräin/Ekipp Progrès Nidderkuer,
CS Péiteng,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
Progrès Nidderkuer
Famill
Papp Serge Thill
Mamm Nathalie Hoeltgen
Geschwëster Vincent Thill, Olivier Thill, Marek Thill

De Sébastien Thill, gebuer den 29. Dezember 1993, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1],[2]

Vun 2015 bis 2017 huet de Sébastien an der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp gespillt.[3]

De Serge Thill ass säi Papp, an de Vincent Thill an den Olivier Thill si seng Bridder, a si sinn all Foussballspiller. Seng Mamm Nathalie Hoeltgen ass eng fréier Foussballspillerin.

2020 ass hie vum Progrès Nidderkuer, wou hien zanter 2013 gespillt hat a Kapitän war, bei de russeschen Éischtligist FK Tambow gewiesselt,[4] wou hien erëm mat sengem deemolege Matspiller Alexander Karapetjan gespillt huet. Hie war domat den drëtte Lëtzebuerger, no sengem Brudder Olivier an dem Mikhail Zaritskiy, deen an der éischter russescher Liga spillt.

2021 ass hie bei de Sheriff Tiraspol gewiesselt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Kader vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp op der Websäit vun der FLF mam Gebuertsdatum vum Sébastien Thill
  2. De Sébastien Thill op der Websäit vun der UEFA
  3. Lëscht vun de Lännermatcher vum Sébastien Thill op der Websäit eu-football.info
  4. "De Sébastien Thill huet bei FK Tambow a Russland ënnerschriwwen." rtl.lu, 03.09.2020 10:39.