Sébastien vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Sébastien Henri Marie Guillaume, gebuer de 16. Abrëll 1992 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg ass Prënz vun Nassau a Prënz vu Lëtzebuerg.

Inhaltsverzeechnes

Liewen [änneren]

Hien ass dat fënneft a jéngst Kand vum Groussherzog Henri a senger Fra, der Groussherzogin Maria Teresa.

De Prënz Sébastien ass zënter 2010 Titulaire vum Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau.

Studien [änneren]

Di éischt Jore vun der Primärschoul huet en zu Lëtzebuerg op der St. George's International School gemaach an de Rescht a Groussbritannien op der Summer Fields School. Seng Sekundarstudien huet hien a Groussbritannien um Ampleforth College ugefaangen an duerno an der International School of Luxembourg fäerdeg gemaach, wou en 2011 den Ofschlossdiplom kritt huet.

Hien ass zur Zäit amgaang Universitéitsstudien an den USA a Marketing a Kommunikatioun ze maachen.

Patronagen [änneren]

De Prënz Sébastien mécht de Patronage vun der Fédération luxembourgeoise de natation et de sauvetage.

Um Spaweck [änneren]