Séi vu Gérardmer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Geographesch Koordinaten:
48° 04’ 11’’ N 06° 51’ 04’’ O
De Séi vu Gérardmer läit wéi säin Numm et seet um Territoire vun der Gemeng Gérardmer an de Vogesen.
Säin Auslaf ass d' Jamagne déi kuerz duerno an d' Vologne leeft.
Moossen [änneren]
- Héicht : 660 m
- Fläch : 115,5 ha
- Gréisst Längt : 2200 m
- Gréisst Breet : 750 m
- Déifst Plaz : 38,40 m (tëscht Kattendycke a Croix Meyon)
- Volume : 19 510 000 m³
D'Enstoe vun der Vallée des lacs [änneren]
Am Laf vum Äiszäitalter waren d' Vogesen e puermol vu Gletscher bedeckt, an déi dräi Séien an der Vallée des lacs stamen aus der leschter Period der Würmäiszäit ( 80.000 - 10.000 v.Ch.).
- Den éischte Séi, de Séi vu Retournemer ass e Séi deen an engem Äiszäitzirkus läit.
- Den Zweeten, de Séi vu Longemer ass an engem Baseng am ale Bett vum Gletscher.
- Den Drëtten, de Séi vu Gérardmer gëtt vun enger Endmorän gestaut, déi den Dall definitiv no ënnen zoumécht.