Séi vu Retournemer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 48° 03’ 26’’ N 06° 59’ 01’’ O
De Séi vu Retournemer vum "Däiwelsfiels" gesinn

De Séi vu Retournemer läit um Territoire vun der Gemeng Xonrupt-Longemer am franséischen Departement Vosges.

Et ass e Séi, deen aus der Äiszäit staamt. Duerch de Séi leeft d' Vologne.

Moossen [änneren]

  • Breet : 320 m
  • Längt : 250 m
  • Fläch : 5,25 ha.
  • Héicht : 776 m
  • Duerchschnëttsdéift: 11,50 m.

D'Enstoe vun der Vallée des lacs [änneren]

Am Laf vum Äiszäitalter waren d' Vogesen e puermol vu Gletscher bedeckt, an déi dräi Séien an der Vallée des lacs stamen aus der leschter Period der Würmäiszäit ( 80.000 - 10.000 v.Ch.).