Séilenerbaach

Vu Wikipedia
Séilenerbaach
Längt 3,5 km
Hydrographesche
Baseng
Meuse
Originn
Originn Quell
Plaz Séilen
Héicht 360 m
Koordinaten 49° 35’ 57.73’’ N
      05° 51’ 00.22’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Miezegerbaach
Plaz Miezeg
Héicht 280 m
Koordinaten 49° 35’ 12.02’’ N
      05° 49’ 08.95’’ O
Geographie
Land Belsch
Uertschaften Séilen, Miezeg


D'Séilenerbaach ass eng Baach an der belscher Gemeng Miezeg an der Provënz Lëtzebuerg.

Se huet hir Quell an der Sektioun Séilen op der Holzstrooss net wäit vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz ewech, eng ronn 200 Meter nërdlech vun der Gossemaark LB47 op enger Héicht vun 360 Meter. Vun do leeft se no Westen, duerch en Dall vu Bëscher a Wisen, bis op d'Héicht vun der Eisebunnsstreck Arel-Attem. Do béit se dann no Süden a leeft eng ronn 1.000 Meter praktesch de ganzen Zäit parallel mat der Bunn, fir um Enn vun der Rue du Dolberg ënner der Bunn erduerch an dann an d'Miezegerbaach ze lafen.

D'Baach ass ronn 3.500 Meter laang.

Chaînage[änneren | Quelltext änneren]

Baseng Niewewebaseng Direkt Nieweflëss Rang 3
Meuse Kuer Miezegerbaach Séilenerbaach