Séisskäschtebam um Scheedhaff

Vu Wikipedia
Séisskäschtebam um Scheedhaff
De Séisskäschtebam um Scheedhaff. Richtung Scheedhaff gekuckt. Lénks den C.R. 234 (Februar 2008)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Hamm,
Scheedhaff
Adress Val du Scheid (CR234)
Status Klasséiert Monument
Héicht 27 m (2000)
Duerchmiesser 1,46 m (2000)
Ëmfang 4,58 m (2000)
E Stamm mat véier Äscht.

De Séisskäschtebam (Castanea sativa; châtaignier; Esskastanie) um Scheedhaff steet an engem Fichtebestand nieft der bemierkenswäerter Lannenallee, déi laanscht d'Reschter vum fréiere Scheedhaff féiert, ronn 100 m vun deem Wee ewech an zirka 25 m vun der Strooss, dem CR234, déi vum amerikaneschen Zaldotekierfecht op Sandweiler féiert.

D'Haaptäscht vum Bam gi breet auserneen, wat weist, datt hie fräi opgewuess ass, also ouni d'Konkurrenz vun anere Beem. Well d'Séisskäschtebeem vill Luucht brauchen, huet de Proprietär d'Fichte ronderëm ewechhuele gelooss.

De geneeën Alter vum Bam ass net bekannt, en däerft sécherlech 200 Joer iwwerschreiden.

Ëm 2000 gouf op Broschthéicht en Ëmfang vu 4,58 m gemooss, bei enger Héicht vu 27 m. 2002 gouf dëse Koloss fir d'éischt als bemierkenswäerte Bam gefouert. 2007 gouf en als nationaalt Monument klasséiert.[1]

2008 konnt ee gesinn, datt déi dräi Haaptäscht an hirer Spëtzt duerch stole Seeler matenee verbonne sinn.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 150-151, Text a Foto)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Dee ganze Bam.
De Bam vun der Strooss aus gesinn

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Séisskäschtebam um Scheedhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).