Südlech Delta-Aquariden

Vu Wikipedia
D'Stärebild Aquarius. Déi rout gestrichelt Linn ass d'Ekliptik

D'Juli-Aquariden oder (südlech) Delta-Aquariden sinn e mëttelstaarke Meteorstroum, deem seng Meteoren all Joer tëscht dem 25. Juli an dem 10. August optrieden (no anere Quelle souguer vum 14. Juli bis den 18. August). Si komme visuell gesinn aus dem Stärebild Aquarius (Waassermann) a sinn —am Géigesaz zu de bekannte Perseiden, déi gläichzäiteg optrieden — kee Meteorstroum dee vun engem Koméit staamt, mä en ekliptikale Meteorstroum.

Den zweeten Numm bezitt sech op d'Lag vum Radiant (Fluchtpunkt) no beim Stär Delta Aquarii. Seng Koordinate sinn RA = 343°, δ = -17°. Ufank Mee gëtt et e Meteorstroum mat bal der selwechter Richtung, d'Mee-Aquariden.

Bei geneeëm Hikucken ass tëscht südlechen a nërdlechen Delta-Aquariden z'ënnerscheeden. Déi éischt hunn hire Maximum den 29. Juli, déi zweet trieden vun Mëtt Juli bis Ufank September mait engem Maximum ëm den 13. August op.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie